Emmanuel Mounier


radio 100,7
Samschdeg, 9. Januar 2010 um 11:05 an 19:00
Bicher aus de Joerhonnerten
Emmanuel Mounier (1905-1950): Le Personnalisme

Que sais-je? N° 395 PUF Paris 1° édition 1949
Emmanuel Mounier

mounier 09.01.10  Emmanuel Mounier

Dëst Buch ass viru genee 60 Joer erauskomm an huet an der Tëschenzäit eng Oplag vu bal 200.000 Exemplairen erreecht. Wann och säin Auteur haut ziemlech vergiess ass, behält dëst Wierk säi Wäert: op eng ëmmer nach interessant a bedenkenswäert Aart a Weis stellt et de Begrëff 'Persoun' duer, deen an eiser Zäit am Zentrum vu ville Problematike steet. Et brauch een do nëmmen nieft dem Domaine vun de Mënscherechter un de ganze Beräich vun der Bioethik ze denken: Ofdreiwung, Euthanasie, Organverplanzung, Neurobiologie a.s.w.
De Samschdeg, 9. Januar um 11:05 an 19:00 presentéiert de Philosoph Hubert Hausemer dëst Buch um radio 100,7 an der Emissioun «Bicher aus de Joerhonnerten».