radio 100,7
Freideg, 15. Januar um 09:05 an 19:30
D'Handwierk vun der Oper: Felicity Lott
Eigentlech wollt d’Felicity Lott Dolmetscherin ginn, huet awer scho mat 12 Joer Gesanksunterrecht geholl, deemools zu Grenobel. Si huet decidéiert, zréck op London ze goen, mam Gesank weider ze fueren an huet vun 1969 bis 1973 un der Royal Academy of Music studéiert. Zwee Joer duerno debutéiert si an der English National Opera mat der Pamina an der Zauberflöte. Hir Carrière mécht d’Sopranistin mat enger vun hire „Paraderollen“ am Richard Strauss sengem Rosenkavalier an der Figur vun der Maréchale. Och am Lied- a Concertsberäich ass si eng féirend Sängerin vun hirer Generatioun a schafft mat den wichsteste chef d’orchester. Si ass mam Acteur Gabriel Woolf bestuet an huet eng Duechter Emily (1984).
Am Dezember ass si am Groussen Tehater opgetrueden an huet sech bereet erkläert fir iwwert hiert Handwierk nozedenken.
Dir héiert dëst Gespréich um radio 100,7 am Kader vun der Emissioun “D’Handwierk vun der Oper” de Freideg, 15. Januar um 09:05 an 19:30.
© Trevor Leighton
|