radio 100,7
Samschdeg, 16. Januar um 12.05
a Sonndeg, 17. Januar um 08.35
Riicht eraus Spezial:
„Déi zukünfteg Wirtschaftsgroussmuecht Indien“


Vun e Sonndeg bis e Mëttwoch war eng lëtzebuerger Wirtschaftsmissioun, mat un der Spëtzt dem Minister Jeannot Krecké, an Indien. Wat fir eng wirtschaftlech Roll spillt Indien an Zukunft, wat fir eng Roll ka Lëtzebuerg do matspillen? Wat bréngen iwwerhaapt esou Wirtschaftsmissiounen an d’Ausland?
Dës Froe stinn am Mëttelpunkt vun engem
Riicht eraus Spezial Indien“ dëse Samschdeg, 16. Januar vun 12:05-13:00 um radio 100,7.
Zu Wuert kommen de Wirtschaftsminister Jeannot Krecké, de FEDIL-President Robert Dennewald, mä och lëtzebuerger Betriber, déi schonns e puer Joer an Indien present sinn a Betriber, déi konkret de Schrëtt op den indesche Marché plangen.
 

Presentatioun a Reportagen: Jean-Claude Wolff
Riicht eraus gëtt sonndes um 08:30 rediffuséiert.