radio 100,7
Mëttwoch, 10. Februar um 11:05 an 19:00
Ernährungsforum: Bio-Liewensmëttel a Molekularkichen

Gecko - Thema vum Mount - BiodiversitéitBio-Liewensmëttel a Molekularkichen stinn um Menu vum “Ernährungsforum” vum radio 100,7 de Mëttwoch 10. Februar um 11:05 an 19:00:
Als Bio-Liewensmëttel ginn Iesswueren aus ökologescher Landwirtschaft bezeechent. An der EU ass de Begrëff gesetzlech definéiert a vum 1. Januar u gëtt et en neie Bio-Logo. Weltwäit ginn iwwer 30 Milliounen Hektar an der Landwirtschafft biologesch ugebaut. Dës Produiten dierfen net gentechnesch verännert sinn a mussen ouni konventionell Pestiziden a Konschtdünger ugebaut sinn. Wat bedeit dat konkret a wéi streng si sou Kontrollen?

10.02.10 Eernährungsforum - Biolabel

Am zweeten Deel geet Rieds iwwer Molekularkichen. Virun e puer Méint war de Prof. Dr. Thomas Vilgis vum Max Plank Institut für Polymerforschung zu Lëtzebuerg fir e Virtrag ze halen zum Thema “Molekulargastronomie: wie Naturwissenschaften in der Küche helfen und schaden können”.
De radio 100,7 huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir mam Professer Thomas Vilgis iwwer dës nei Form vu Kichen ze schwätzen an däer Physik, Chemie a Biologie eng wichteg Roll spillen.