radio 100,7
Freideg, 19. Februar um 11:05 an 19:00
Innovatioun a Fuerschung

19.02.10 Innovatioun a Fuerschung - Staatslabo

Laboratoire national de santé (Staatslabo)

 

Mëtt 2011 soll dat neit Gebai (22.000 m2) vum Laboratoire national de santé zu Diddeleng operationel sinn. Bis dohi musse sech d’Mataarbechter nach an 13 verschiddene Gebaier, Appartementer a Container ploen.
Am Magazin «Innovatioun a Fuerschung» vum radio 100,7 kommen de Freideg, 19. Februar um 11:05 an 19:00 verschidde Responsabel vum «Staatslabo» zu Wuert:
Den Direkter Dr. René Scheiden schwätzt iwwert d’Perspektive vum Staatslabo.
Am Zesummenhank mam Virus H1N1 goufen déi lescht Méint am Staatslabo Analysen duerchgefouert, déi d’Vire vun der Schwéngsgripp ermëttele sollten. Wéi eng aner Aufgaben huet de Laboratoire national de santé z’erfëllen? Explikatioune ginn et vum Dr. Joël Mossong.
Den „Institut d’immunologie“ ass och en Departement vum Staatslabo a vum CRP-Santé. De Responsablen, de Prof. Dr. Claude P. Müller beliicht déi rezent Recherchen.