radio 100,7
Dënschdeg, 23. Februar um 11:05 an 19:00
Europa an Internationales

Gecko - Thema vum Mount - BiodiversitéitReebëscher schütze fir de Klimaschutz

23.02.10 - Europa an Internationales - Amazonas


D'Reebëscher regléieren net nëmmen de globale Waasserzyklus, hei fënnt een och iwwert d'Halschent vun alle bekannte Planzen- an Déierenaarten. Bis elo war et fir de Mënsch wirtschaftlech méi interessant, tropesch Bëscher ze zerstéieren an anescht ze notzen.
Dat soll sech elo änneren, well d'Reebëscher nach eng aner wichteg Qualitéit hunn, déi am Kader vun de Beméiungen, fir de Klimawandel ze stoppen, relevant gouf: si späicheren enorm Quantitéite vum Zäeregas CO2. D'Finanzmëttel déi néideg sinn, fir d'“Deforestéierung“ (Ofholzung) ze verhënneren, kéinten dowéinst an Zukunft iwwert de Wee vum internationalen Handel mat Emissiounsrechter kommen. Dëse Prinzip gouf matzen am brasilianeschen Amazonasgebitt an engem klenge Pilotprojet ausprobéiert.
Wéi dëst funktionéiere kann, verréit de Magazin “Europa an Internationales” um radio 100,7 den Dënschdeg, 23. Februar um 11:05 an 19:00 no enger Rees bei d'Mënschen an d'Geräischer vum Amazonas.