radio 100,7
Samschdeg, 27. Februar um 09:05 an 19:30
Historesch Architektur zu Lëtzebuerg:
Schütze vum rezente Patrimoine an der Stad
Virun allem an der Haaptstad sinn ënner dem wirtschaftlechen Opschwonk vill wäertvoll al Gebaier verschwonnen. Och haut huet sech näischt dorunner geännert an herrschaftlech Ville maache Plaz fir eng dacks standardiséiert, modern Architektur. Objeten, déi ënner Denkmalschutz stinn, sinn extrem sielen.
Firwat dat esou ass, wéi a wat an der Stad geschützt soll ginn a wéi d’Gemeng an de Staat allebéid responsabel a gefuerdert sinn, analyséiert den 2. Deel vun der Serie “Schütze vum rezenten architektonesche Patrimoine» um radio 100,7 de
Samschdeg, 27. Februar um 09:05 an 19:30.
Invitéë sinn de Buergermeeschter Paul Helminger, den Direkter vum Service des Sites et Monuments Patrick Sanavia an den Architekt Edmond Decker.
Banque de Luxembourg
|