radio 100,7
2x Thema Oper: Mëttwoch 17. Mäerz um 09:05:
An der Oper
a Freideg, 19. Mäerz um 09:05 an 19:30:
D'Handwierk vun der Oper

 


An 2 Serië steet all Mount d’Oper am Mëttelpunkt um radio 100,7.
Am Kader vun der Emissioun “An der Oper” ginn de Mëttwoch, 17. Mäerz um 09:05 dës 2 Wierker thematiséiert:
Flowers in the Mirror” vum Li Ju Chen, an der chinesescher Litteratur e grousse Klassiker aus dem 18. Joerhonnert. Dës mystesch a philosophesch Erzielung, räich u Symbolik, ass vun der Oper vun Sichuan vun Chengdu adaptéiert ginn. “Flowers in the mirror” gëtt den 23., 24. a 25. Mäerz am Groussen Theater presentéiert.
 

An der Oper 17.03.10   Flowers in the Mirror

Hamlet, eng Oper vum Ambroise Thomas, déi de 27. Mäerz Live vun New York an de Kinoen Utopia an Utopolis iwwerdroe gëtt, am Kader vu “MetLive”.
D’Serie gëtt sonndes um 20.00 widderholl.

De Freideg, 19. Mäerz um 09:05 an 19:30 héiert Dir dann e Gespréich mat der flämescher Choreographin Anne Teresa de Keersmaeker am Kader vun der Emissioun “D'Handwierk vun der Oper”.


Anne Teresa de Keersmaeker - D   Déi éischte Kéier wou d’Anne Teresa de Keersmaeker op Lëtzebuerg koum mat der Oper „Ottone, Ottone“ vum Monteverdi, sinn d’Leit rosen hirer Wee gaang. Hir Compagnie heescht och „Rosas“, awer wéinst de Blummen. D’Flämin huet d’Schoul vum Maurice Béjart, d’Mudra matgemaach, fir dann zu Bréissel eng grouss Botz vun de selbstverléifte Schönlingen ze maachen an op eng minimalistesch Manéier d’Opera Royal de la Monnaie ze beliewen.