Archiv2010-09-08T19:44:00+01:00text/html2010-09-08T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/4/0/199511_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: D’Palme d’or um internationale Filmfestival vu Cannes, déi un L’oncle Boonmee, celui qui se souvient de ses vies antérieures vum thailännesche Cineast Apichatpong Weerasethakul goung, war, an dat ass dat mannst wat ee ka soen, eng grouss Iwwerraschung. Well, esou di wäit verbreede Meenung, et ass e Film, deem säi mytheschen Univers nëmmen e puer Initiéierter zougänglech schéngt. D’Sylvie Flammang huet L’oncle Boonmee, celui qui se souvient de ses vies antérieures fir eis zu Cannes gesinn.
(Rediff. um 22.00)
text/html2010-09-07T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/3/7/199037_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Den Tenorsaxophonist Sonny Rollins gëtt bei Concerten normalerweis mat “standing ovations” empfaangen, ier hien iwwerhaapt een Toun gespillt huet. Hien ass dee leschte musekalesche Gigant vun der fréierer Jazz-Ära, de leschte Mohikaner vum Bebop. Haut feiert déi lieweg Legend hiren 80. Gebuertsdag. D’Christiane Marx huet fir eis am Sonny Rollins senger Biographie gebliedert …….
(Rediff. um 22.00)
text/html2010-09-06T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/7/8/198700_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Am Kader vun hirer Welttour huet gëschter Owend am Atelier déi amerikanesch Formatioun Eels gespillt. Mat hirem gittar-betounten Indie-Rock hu si den ausverkaftenen Atelier annerhallef Stonn laang ennerhal. D’Sarah Pepin mat e puer Impressiounen vum Concert. (Rediff. um 22.00)
text/html2010-09-05T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/0/0/198484_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.25 Kulturbäitrag: Dee bekannten Theaterdramaturg, Intendant, Chefausbilder an Dozent Klaus Zehelein, den net eréischt zënter senger Funktioun als Präsident vum däitsche Bühneveräin och e kulturpolitesche Virriedner ass, feiert haut säi 70. Gebuertsdag. Zenter Jorzéngte kämpft hie géint déi finanziell Zwäng di duerch d’ Aspuerungen bei der Kultur entstinn an déi dreeën, d’kënschtleresch Fräiheet ze zerstéieren. E Portrait vum Klaus Zehelein vum Carole Caldarelli.

(Rediff. um 22.00)
text/html2010-09-04T16:00:00+01:00Owes-Panorma
http://www.100komma7.lu/files/1/7/199310_owes-panorma.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: De 1999 verstuerwene Realisateur, Produzent an Dréibuchauteur Stanley Kubrick, deen als ee vun de bedeitendste Cineasten vun allen Zäite gëllt, hat säin aussergewéinlecht Talent fir d’Mise en scène scho fréi entwéckelt. Dat beweisen di Negativer, déi en däitsche Fuerscher a jorelaanger kriddeleger Aarbecht zesummegesicht huet. Méi dozou vum Carole Caldarelli.

(Rediff. um 22.00)
text/html2010-09-03T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/8/9/199702_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Mat Les petits ruisseaux signéiert de Comic-Zeechner Pascal Rabaté säin éischte Long-métrage, eng Comedie dramatique, déi sech ëm den drëtten Alter an nei entdeckte Liewensfreed dréint.
Op der Affiche fir dës touchant Personnagen z’incarnéieren, stinn den Daniel Prevost, Philippe Nahon, Bulle Ogier an Hélène Vincent. D’Sylvie Flammang war Les petits ruisseaux an den Utopia kucken
(Rediff. um 22.00)
text/html2010-09-02T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/1/9/199013_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: De franséische Moler Henri Rousseau, genannt «le Douanier», wor, a bleift wuel, ee vun den erfollegräichsten Autodidakten: fir de Surrealist André Breton hat hien ee ganz originelle «magesche Realismus» geschafen, a Leit wéi de Gauguin an de Picasso wore begeeschtert vu sengen Tableauen. Haut virun 100 Joer ass den Henri Rousseau zu Paräis gestuerwen. Säi Portrait gëtt Iech gezeechent vum Cléo Thoma.

(Rediff. um 22.00)
text/html2010-09-01T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/1/1/199486_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Haut ass de 40. Doudesdag vum franséische Schrëftsteller, Literaturnobelpräislaureat a Member vun der Académie Française, François Mauriac. De Mauriac gëtt dacks als ee vun den Haaptvertrieder vum sougenannte «Renouveau catholique» bezeechent. Hie selwer gesouch sech awer, wéi et schéngt, manner als ee kathoulesche Romancier, mä villméi als ee Katholik, dee Romaner schreift. Moraliséiere wollt hien net, an och seng «verwerflech» Personnagen, wéi dat berühmtent “Thérèse Desquéroux”, huet hie selwer net veruerteelt. D’Cléo Thoma zeechent e Portrait vum Auteur. (Rediff. um 22.00)
text/html2010-08-31T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/10/11/198989_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Nei dës Woch ugelaf ass déi flott amerikanesch Comédie romantique Letters to Juliet vum Gary Winnick mat der wonnerbarer Vanessa Redgrave an der Roll vum Claire, enger Fra ëm di 70, déi zesumme mat hirem Enkel vun England an Italien, op Verona, reest, fir hir Jugendléift, de Lorenzo, alias Franco Nero, no 50 Joer erëmzefannen. D’Sylvie Flammang war Letters to Juliet an den Utopolis kucken.
(Rediff. um 22.00)
text/html2010-08-30T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/4/9/198675_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag (Rediff. um 22.00)

Am Ablack gëtt zu Perpignan, a Südfrankräich, de “Festival International du Photojournalisme – Visa pour l’image” ofgehalen. Hei ginn net just Fotoreportage gewisen a Konferenze gehalen, mä t’ass virun allem och Geleeënheet fir rezent Entwécklungen an de Medien ze denoncéieren, a fir sech fir ee Beruff ze mobiliséieren, dee riskéiert ze verschwannen. Photoshop an aner Programmer menacéieren déi authentesch Billerreportagen. De Charel Bruch wees méi.
text/html2010-08-29T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/5/9/198467_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.25 Kulturbäitrag (Rediff. um 22.00)

Haut hätt déi schwedesch Actrice Ingrid Bergman 95 Joer kritt. Anengems ass haut och hiren Doudesdag: si koum den 29. August 1915 zu Stockholm op d’Welt, an ass genee deeselwechten Dag am Joer 1982 zu London gestuerwen, un de Suite vu Kriibs, awer friddlech wéi et heescht, nodeems se virdrun nach mat Frënn eng kleng Gebuertsdagsparty gefeiert hat. Si gouf just 67 Joer al. D’Ingrid Bergman hat eng spannend Karrière, markéiert vun engem vun deene grousse Skandaler an der Filmgeschicht, wou se ganz déif an Ongnod gefall war. Si bleift awer ee vun de ganz grousse Stare vun allen Zäiten.
text/html2010-08-28T16:00:00+01:00Owes-Panorma
http://www.100komma7.lu/files/8/7/199284_owes-panorma.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag (Rediff. um 22.00)

Seng Bicher hu weltwäit vill kleng Lieser begeeschtert, dat selwecht zielt awer och fir déi Grouss, riets geet vum däitsche Schrëftsteller Michael Ende, deen haut op den Dag viru 15 Joer den 28. August 1995 un de Suite vu Mokriibs gestuerwen ass.
Hien gëlt als Createur vu literareschen Dramreesen an als Zeechner vun diverse Wonschbiller.
Dem Michael Ende seng Helde wéi Momo, de Bastian aus der “Unendlichen Geschichte” oder de Jim Knopf si fir Millioune vu Jongen, Meedercher an Erwuessener op der ganzer Welt gutt Frënn ginn.
E Portait vum Meeschter vun der fantastescher Literatur mam Jean Claude Majerus.

text/html2010-08-27T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/5/10/199677_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag (Rediff. um 22.00)
text/html2010-08-26T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/8/0/198965_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag (Rediff. um 22.00)

Am Utopolis um Kierchbierg leeft mat «The Expendables e Film, an deem d’Fatze fléien, d’Kugele päifen, d’Granaten explodéieren an d’Blutt sprëtzt. Komëscherweis schéngt kee vun den Helden am Film och nëmmen eng blo Plaz mat dervunnzedroen, geschweigs dann e puer Zänn ze verléieren. «The Expendables», dee vum Sylvester Stallone matgeschriwwen an eegenhänneg an Zeen gesat gouf, an an deem dee muskuléisen Här mam kromme Mond natierlech och d’Haaptroll spillt, ass net zulescht dowéinst awer och alt witzeg, fonnt d’Cléo Thoma.
text/html2010-08-25T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/9/2/199461_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag (Rediff. um 22.00)
text/html2010-08-24T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/0/8/198869_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag (Rediff. um 22.00)
text/html2010-08-23T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/1/10/198650_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag (Rediff. um 22.00)

„Ein reines Gewissen“ heescht dat Buch, dat d'Josiane Kartheiser virstellt, an dat an däitscher Iwwersetzung am Manhattan Verlag erauskoum. Den Auteur ass den Ian Rankin, 1960 gebuer, an international bekannt duerch seng flott a gutt opgebaute Romaner ronderëm säin immens populäre Serienheld John Rebus, deen en an der Tëschenzäit an d’Pensioun geschéckt huet. Seng Unhänger hunn also deen neie Krimi mat Spannung erwaart, net wéinst der Story, mä wéinst deem neien Haaptpersonnage, deen dann och, zur allgemenger Zefriddenheet, d’Potenzial huet, fir si an deenen nächste Jore regelméisseg ze begeeschteren. Allerdéngs däerft et eng Zäitchen daueren, bis mer eis säin nächste Fall zu Gemitt féiere kënnen, well den Ian Rankin huet beschloss, fir d’éischt emol e Joer laang Paus ze maachen.
text/html2010-08-22T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/10/5/198450_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.25 Kulturbäitrag (Rediff. um 22.00)

Den Doud vum Theater- a Filmregisseur Christoph Schlingensief.
text/html2010-08-21T16:00:00+01:00Owes-Panorma
http://www.100komma7.lu/files/5/5/199204_owes-panorma.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag (Rediff. um 22.00)

The Tree ass e Familljendrama mat fantasteschen Zich vum Julie Bertucelli, eng Literaturaptatioun vun der gebierteger Australierin Judy Pascoe hirem Roman Our Father Who Art in the Tree, dee matten an der iwwerwältegender Natur an Australie spillt.
D’Sylvie Flammang war The Tree mam Charlotte Gainsbourg a Morgana Davies an den Utopia kucken.

text/html2010-08-20T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/2/11/199652_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag (Rediff. um 22.00)

“Cosa voglio di piu” oder iwwersat, “wat ee méi wëll”, ass deen neien italienesche Film vum Silvio Soldini. A wat well ee méi an enger solitter Koppel, wou alles geregelt ass, wou een och alles huet fir glécklech ze sinn.
Alles ???? Vläicht net !! D’Siich no méi Leidenschaft, Léift …ass d’Thematik vun “Cosa voglio di piu” vum Sivio Soldini. De Manuel Ribeiro war de Film an den Utopia kucken.

text/html2010-08-19T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/6/2/198941_owes-panorama.mp3
Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag (Rediff. um 22.00)text/html2010-08-18T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/6/3/199436_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Op der Mostra zu Venedeg huet déi russesch Actrice Ksenia RAPOPORT d’Coppa Volta fir déi beschten weiblech Haaptroll an LA DOPPIA ORA gewonnen. Si spillt hei e Personnage vun deem ee bis zum Schluss net weess, wat si an enger Intrige vu Léift an Verbriechen wëlles huet.
De Christian Mosar war sech La Doppia Ora an den Utopia ukucken.
(Rediff. um 22.00)
text/html2010-08-17T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/4/4/198917_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag (Rediff. um 22.00)

Ënnert dem Gesamtitel „SCENERY“ stellt dee jonken Berliner Nowueskünstler Martin Werthmann nach bis den 4. September an der Galerie Schweitzer seng neitste Kompositiounen aus.
De Pierre Neyens war kucken.

text/html2010-08-16T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/9/11/198625_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Am Utopia leeft dës Woch eng Literaturverfilmung, an där et och ëm eng vun de gréisste Perséinlechkeete vun der Weltliteratur geet: “The Last Station”, baséiert op dem Roman vum Jay Parini, erzielt vum russeschen Auteur Lev Tolstoy senge leschte Méint. De Film bitt virun allem der Helen Mirren an dem Christopher Plummer, als dem Tolstoy seng Fra, respektiv, als de grousse Schrëftsteller a Moralist selwer, d’Méiglechkeet fir ze weise, wat si als Schauspiller sou drop hunn. D’Cléo Thoma war de Film kucken. (Rediff. um 22.00)
text/html2010-08-15T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/4/1/198433_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.25 Kulturbäitrag: An eise Kulturminutte vun den Owend erënnere mer un ee vun de grousse Lëtzebuerger Schauspiller an Entertainer, deen e groussen Don hat, en Don deen hautdesdaags heinansdo ze kuerz kënnt, nämlech d’Leit un Laachen ze bréngen, den Hary Haagen, an hien ass haut op den Dag virun 30 Joer gestuerwen. De Jean Claude Majerus mat den Detailer
(Rediff. um 22.00)
text/html2010-08-14T16:00:00+01:00Owes-Panorma
http://www.100komma7.lu/files/1/5/199178_owes-panorma.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Den 9. August 1960 ass dem däitsche Schrëftsteller Michael Ende säi Kannerbuch Jim Knopf und Lukas der Lokomotivfahrer erauskomm. Et ass séier kloer ginn, datt déi Geschicht e grousse Succés wäert duerstellen an datt dem Michael Ende domadder den Duerchbroch gelonge war. Den Auteur huet 1960 den „Däitsche Jugendbuchpreis“ gewonnen. Mir kucken eis haut dës fantastesch Geschicht méi genee un, déi zënter genee 50 Joer Kanner an awer och Erwuessener aus der ganzer Welt ëmmer rëm faszinéiert. En Text vum Christophe Armborst, gelies vum Jean Claude Majerus.
(Rediff. um 22.00)
text/html2010-08-13T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/10/12/199627_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Dës Woch ass am Utopolis, gläich an 3 Versiounen, op englesch, däitsch a franséisch, dën drëtten Deel vun TOY STORY an 3D ugelaf.
An erëm eng Kéier geet et de Spillsaache vum Andy, dee mëttlerweil bal erwuessen ass, un d’Guergel. TOY STORY 3 ass genee déi Ënnerhalung déi d’Summerlach stoppe kann : Christian Mosar
(Rediff. um 22.00)
text/html2010-08-12T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/2/6/198893_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Den éisträichesche Kënschtler Peter WECK feiert haut säin 80. Gebuertsdag.
De Peter Weck, deen am Fong Dirigent wollt ginn, huet amplaz eng grouss Karriär als Schauspiller, Theaterintendant a Filmregisseur gemaach, de Peter Weck huet och dem Musical zu Wien zu sengen éischten Héichpunkter verhollef.
A mat ganz vill Charme huet en sech och eng fest Plaz an den Häerzer vum Televisiouns- an Theaterpublikum êruewert, an de Wiener Charme huet de Peter Weck bis haut net verluer, e Charme wou et schwéier ass ze resistéieren.
E Portrait vum éisträichesche Multi-Artist Peter Weck mam Jean Claude Majerus.
(Rediff. um 22.00)
text/html2010-08-11T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/3/4/199411_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Am Utopolis um Kierchbierg kënnt Dir am Ablack, wann et Iech no Popcorn-Kino ass an Der all déi aner Blockbustere schonn erduerch hutt, eng romantesch Action-Komedie gesinn, déi “Killers” heescht. De Film ass net grad esou katastrophal wéi e vun der Kritik duergestallt gëtt, et duerf een awer keng ze héich Erwaardungen hunn, mengt d’Cléo Thoma. (Rediff. um 22.00)
text/html2010-08-10T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/1/4/199112_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Säin Numm hat en sech mat sexuell provokanten Almodovar Filmer gemaach. Mëttlerweil huet de spueneschen Acteur säin Image vum ‘latin lover’ och an enge sëllechen Hollywood Filmer bestätegt. Haut feiert den Antonio Banderas seng 50 Joer. Am richtege Liewen awer, gëllt hie mëttlerweil als treie Mann. D’Sylvie Flammang mat engem Portrait.
(Rediff. um 22.00)
text/html2010-08-09T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/6/12/198600_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag (Rediff. um 22.00)text/html2010-08-08T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/9/10/198416_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.25 Kulturbäitrag: Dem Ralf König seng Comice reflektéieren dem Kënschtler seng Gedanken a säi Liewen. Si weisen seng Problemer als Schwulen a maachen de Geck mat der konservativer Kierch. Den Zeechner seet dat wat d’Leit denken, mä sech net trauen ze soen. D’Kierch huet den däitsche Moler dacks kritiséiert, esouguer dat bayrescht Jugendamt huet sech géint hie gestallt a gesot seng Comice wiere net jugendfräi. D’Nadine Gautier mam Portrait vum Ralf König, deen haut seng 50 Joer feiert. (Rediff. um 22.00)
text/html2010-08-07T16:00:00+01:00Owes-Panorma
http://www.100komma7.lu/files/10/6/199231_owes-panorma.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Am UTOPOLIS um Kierchbierg leeft am Moment eng Action- Comédie mat der Cameron Diaz an dem Tom Cruise an den Haaptrollen. NIGHT AND DAY vum James Mangold ass eng iwwerdréite Suite vun Action-Zeeenen, déi eng méi iwwerdriwwe wéi déi aner, awer schlussendlech fir Ënnerhalung am Summerlach suergen. Christian Mosar (Rediff. um 22.00)
text/html2010-08-06T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/7/0/199602_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Viru 4 Joer koum d’Kinosversioun vum Patrick Süskind sengem “Das Parfum: Die Geschichte eines Mörders” an d’Kinoen. De Film vum Tom Tykwer a Bernd Eichinger gouf séier kritiséiert. Net déif genuch, ze vill un der literarescher Virlag, sou datt d’Sprooch am Film steif wierkt a virun allem konnten d’Produzenten an d’Realisateuren d’Geréch an d’Passioun net mat der Musek zeréckginn. Wei sollt een och e Buch verfilmen, dat 15 Millioune mol verkaaft gouf, dat duerch seng Synesthesie vu Faarwen, Gefiller a Geréch erausgestach huet? D’Resultat ass moer ausgefall. Mee déi literaresch Basis bleift bis haut ee Klassiker. “Das Parfum” vum Patrick Süskind gouf viru 25 Joer publizéiert. D’Nadine Gautier iwwert de Succès vum weltwäit meeschtverkaaften däitsche Buch.

(Rediff. um 22.00)
text/html2010-08-05T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/9/10/198845_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Den däitsche Kameramann Michael Ballhaus huet seng Heemechtsstad Berlin hannert sech gelooss, an ass op Hollywood gaange, fir do ze reusséieren. An en huet et gepackt, 25 Joer laang konnt de Ballhaus elo an der Dramfabrik mat senge Biller soen, wou et higeet. An dem Véirelsjoerhonnert huet de Kameramann mat all grousse Regisseure zesummegeschafft, an hinnen hir Iddi an déi richteg Biller ëmgesat. De Michael Ballhaus feiert haut säi 75. Anniversaire, an mat Zefriddenheet kann hien zeréck kucken. E Portrait mam Jean Claude Majerus.
(Rediff. um 22.00)
text/html2010-08-04T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/0/5/199386_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Virgëschter Méindeg ass d’Serie vun de Premièren op de Bayreuther Festspiller 2010 op en Enn gaangen. Ënnert der Leedung vun den Urenkelinnen vum Komponist – der Katharina Wagner an der Eva Wagner-Pasquier – dréint alles sech ëm dem Richard Wagner seng Museksdramen. De Festspillchefinnen hire Grousspapp par contre – de Siegfried Wagner – ass bal komplett an de Vergiess geroden. Seng Operen ginn haut kaum nach gespillt. De Fils vum Richard Wagner huet et eigentlech ni gepackt, aus dem Schied vu sengem iwwermächtege Papp erauszetrieden. Haut sinn et 80 Joer, dat de Siegfried Wagner gestuerwen ass. De Guy Engels mat engem Portrait vum verkannte Komponist, deen eigentlech Architekt wollt sinn.
(Rediff. um 22.00)
text/html2010-08-03T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/7/12/198821_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Haut gouf den amerikanesche Filmschauspiller Martin Sheen 70 Joer al. Et ass duerchaus méiglech, datt säi Bouf Charlie Sheen, am Ablack jiddefalls, méi berühmt ass – mä de Papp, de Martin Sheen, huet grouss Meriten als Acteur. D’Cléo Thoma zeechent e Portrait vun engem Här, dee säin eegene Wee gaangen ass, a sech och ëmmer erëm politesch engagéiert huet. (Rediff. um 22.00)
text/html2010-08-02T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/3/0/198575_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Am Ciné Utopia kënnt der den Ament dee franséische Film mam ganz lackelegen Titel “La Blonde Aux Seins Nus” gesinn. Gemengt domat ass en Tableau vum Edgar Manet, ëm dee sech eng Art Thriller-Komedie, mat enger ganz klenger Prise Erotik, entwéckelt. D’Cléo Thoma wor de Film kucken. (Rediff. um 22.00)
text/html2010-08-01T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/3/6/198399_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.25 Kulturbäitrag: „Jenny macht Revolution“ ass vru kuerzem am Verlag Shaker Media erauskoum. Autorin ass d’Juliane Seidenberg, e Pseudonym fir eng däitsch Autorin, déi laang Zäit zu Tréier gelieft huet, an déi Zäit och Kontakt mat der lëtzebuerger Kulturzeen hat. „Jenny macht Revolution“ ass eng Sammlung vu 17 Kuerzgeschichten, oder besser gesot, Auszich aus Gespréicher, déi d’Seidenberg mat en etlech vun hire gudde Frëndinnen hat. Dobäi ass et ëmmer ëm dat éiwegt mënschlecht Thema Léift gaangen, ëm Partnerschaft a Sex, just datt sech dee Moment, wou sech dës Liewensgeschichten ofgespillt hunn, eppes Fundamentales geännert hat. Well mer schwätzen hei vun der Zäit vun 1972 bis 2010, also vun der Zäit vun der sexueller Revolutioun an duerno, vun enger neier Fräiheet fir d’Fraen also, déi och beruffstäteg an net méi vun de Männer ofhängeg waren, eng Tatsaach, déi sech natierlech och an hirem Privatliewen niddergeschloen huet. Lauschtert d’Josiane Kartheiser iwwert „Jenny macht Revolution“ vun der Juliane Seidenberg.
(Rediff. um 22.00)
text/html2010-07-31T16:00:00+01:00Owes-Panorma
http://www.100komma7.lu/files/9/5/199087_owes-panorma.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Fir d’1. Kéier waren déi légendär The Pogues zu Lëtzebuerg an der Rockhal gëschter Owend fir e Programm vu bal 2 Stonnen ze présentéieren. E Best of mat de Klassiker aus den 80er a 90er Joren vun der iresch-englescher Formatioun The Pogues. An wéi e Wonner huet och hire Sänger bis zum Enn vum Optrëtt duerchgehalen- och wann hien heiansdo just virum Emfale war. De Mike Tock war The Pogues an den ausverkaftene klenge Sall vun der Rockhal lauschteren a weist sech enchantéiert vun dëser Kult-Grupp.
(Rediff. um 22.00)
text/html2010-07-30T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/4/1/199577_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Ennert dem Titel «HOT SUMMER» gëtt et an der Galerie TOXIC an der Stad nach bis Enn August eng Gruppenausstellung vun enger 15 NET-lëtzebuerger Kënschtler ze gesinn, déi hei déi verschiddenaartegst Konschtzesummenstellungen. Pierre Neyens. (Rediff. um 22.00)
text/html2010-07-29T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/5/1/198797_owes-panorama.mp3
Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag (Rediff. um 22.00)text/html2010-07-28T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/8/6/199361_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Gëschter Owend stoung am Atelier eng kleng HipHop a Countryrock Star op der Bühn. Den Everlast, mëttlerweil schonn am stolzen Alter vu 40 Joer, krut den Atelier relativ voll an huet sengem Publikum e flotte Konzert gebueden. Den Olivier Del Fabbro war lauschteren.

(Rediff. um 22.00)
text/html2010-07-27T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/3/3/198773_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag (Rediff. um 22.00)
text/html2010-07-26T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/0/1/198550_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag (Rediff. um 22.00)text/html2010-07-25T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/8/2/198382_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.25 Kulturbäitrag: An enger parlamentarescher Fro un d’Kulturministesch Octavie Modert freet den DP-Deputéierten André Bauler eng Partie Detailer iwwert de Musée d’Histoire de la ville de Diekirch. E Musée deen de Prévisiounen no ewell laang scho fäerdeg sollt sinn. De André Bauler krut wuel eng detailléiert Äntwert op seng parlamentaresch Fro, eng Äntwert déi sech awer an zevill Detailer verléiert. De Jean Claude Majerus probéiert ze resuméieren.

(Rediff. um 22.00)
text/html2010-07-24T16:00:00+01:00Owes-Panorma
http://www.100komma7.lu/files/4/7/199258_owes-panorma.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Nach ee Joer dauert et bis de ronne Gebuertsdag, deen och dementspriechend wäert gefeiert ginn. D’Richard-Wagner-Festspiller zu Bayreuth ginn dëst Joer fir déi 99. Kéier organiséiert. Sie fänke muer un a lafe bis den 28. August. Wéi ëmmer, ass och dëse Summer d’Ouverture nees de grousse Rendez-vous vun der Prominenz aus Politik, Economie a Kultur. De Guy Engels mat engem Iwwerbléck vun deem, wat 2010 um Gréngen Hiwwel zu Bayreuth gebuede gëtt.

(Rediff. um 22.00)
text/html2010-07-23T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/1/2/199552_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Den 3. Deel vun der Predator-Serie leeft zënter leschter Woch zu Belval am Kino. “Predators” spillt ganz am Stil vum éischten Deel an engem Jungle. Dës Kéier ass awer an der Haaptroll, net den Arnold Schwarzenegger, mä den Oscar Gewënner, Adrien Brody ze gesinn. Regie huet den Nimrod Antal gefouert, a produzéiert ass de Film vum Robert Rodriguez. Den Olivier Del Fabbro war an de Ciné Belval kucken

(Rediff. um 22.00)
text/html2010-07-22T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/1/5/198749_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Den 1te Mee 2010 war déi offiziel Anweiung vum lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung zu Shanghai. Haut de Mëtteg huet d’Kulturministesch Octavie Modert op eng Pressekonferenz invitéiert, fir e ganz positive Bilan ze zéien iwwert déi éischt Hallefzäit vum kulturelle Programm vum lëtzebuerger Pavillon op dëser Weltausstellung. De Manuel Ribeiro mat engem Résumé vun dëser Pressekonferenz.

(Rediff. um 22.00)
text/html2010-07-21T16:00:00+01:00Owes-Panorama
http://www.100komma7.lu/files/5/7/199336_owes-panorama.mp3

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Den Isaac Stern war net nëmmen ee vun den grousse Geiisten aus dem 20ten Joerhonnert, mä och e Mann, dee säin Numm fir de gudden Zweck agesat huet, fir d'politesch Relatiounen tëscht den USA an den ëstleche Länner mat Hëllef vu Kultur ze verbesseren. De Manuel Ribeiro zeechent eis e Portrait vum Geiist Isaac Stern, deen haut 90 Joer kritt hätt.

(Rediff. um 22.00)