Archiv2010-09-08T19:38:40+01:00text/html2010-07-17T17:00:00+01:00Kulturdossier
http://www.100komma7.lu/files/9/7/198218_kulturdossier.mp3
Haut geet am Kulturhaus zu Nidderaanven deen éischte «Fundamental Monodrama Festival» op en Enn. Vum 9. Juli u goufen op dësem Festival 11 Monodrama-Spektakele gewisen, 4 dovunner ware Welturopféierungen. Nieft der Bühn gouf et eng Ausstellung mat Theaterfotoe vum tschechesche Fotograf Bohumil Khostoryz an eng thematesch Table Ronde iwwerschriwwen: “Das Monodram - Ursprünge, Traditionen und zeitgenössige Praktiken". De Jean Claude Majerus zitt de Bilan vun dësem éischte Monodrama-Festival. (Rediff. vun 11.05)
text/html2010-07-16T17:00:00+01:00Innovatioun a Fuerschung
http://www.100komma7.lu/files/1/0/198276_innovatioun-a-fuerschung.mp3

presentéiert vun der Post
BioLux Networking Team – CRP-Santé
Wéi kann een d’Wëssenschaft hei zu Lëtzebuerg förderen an d’Strukturen an d’Kommunikatioun tëscht de verschiddenen Instituter fir Fuerschung verbesseren um Gebitt vun der „Bio-Health Care? Um 4. „BioLux Network meeting“ goufen dës Theme mat Vertrieder vum nei gegrënnte „BioLux Networking Team“, dem „Centre for Systems Biology Luxembourg (CSBL)“, dem „CRP-Santé“ a mat Bio-Studenten, Doktoranden a Postdocs diskutéiert. De Carlo Link stellt dat nei gegrënnte „BioLux Networking Team“ vir. An deem Zesummenhank gëtt och de „Centre de Recherche Public (CRP–Santé)“ portraitéiert.
(Reprise vun 11.05)
text/html2010-07-13T17:00:00+01:00Europa an Internationales
http://www.100komma7.lu/files/5/10/197961_europa-an-internationales.mp3
D’lescht Woch war déi lescht Sëtzungswoch virun der Summerpaus fir d’Europadeputéiert zu Stroossbuerg. Eng Sessioun, déi fir d’Europaparlamentarier virun allem vun engem grousse Changement bestëmmt war: dem Akraafttriede vum Traité vu Lissabon. Den europäesche Vertrag gëtt den Europadeputéierte méi Pouvoir géintiwwer de Ministerréit an der europäescher Kommissioun. Den André Duebbers huet mat den Europadeputéierte queesch duerch d’Parteien de Bilan vun hirer Aarbecht gezunn. (Rediff. vun 11.05)
text/html2010-07-12T17:00:00+01:00Liewensformen
http://www.100komma7.lu/files/5/0/197873_liewensformen.mp3
Lassloosse gëtt dacks mat faleloosse verwiesselt. Mënschen, déi engem wichteg sinn a fleegebedürfteg, wuessen engem un d’Häerz. Lassloosse gëtt nach méi schwéier. Net ëmmer awer ass et Eltere méiglech, hirem behënnerte Kand, déi Hëllef a Fleeg ze ginn, déi et brauch. Spezialiséiert Foyere bidden eng wäertvoll Alternativ. D’Joëlle Drees huet sech am Foyer du Tricentenaire ëmfrot a probéiert erauszefannen, wéi déi Concernéiert dëse wichtege Schrëtt erlieft hunn. (Rediff. vun 11.05)
text/html2010-07-10T17:00:00+01:00Kulturdossier
http://www.100komma7.lu/files/1/3/198188_kulturdossier.mp3
D’lëtzebuerger Literatur stoung déi lescht Méint an der Aktualitéit. Besonnesch an der geschriwwener Press konnt een eng Polemik suivéieren, iwwer d’Promovéirung vun der lëtzebuerger Literatur am Ausland. Wéisou reesen déi eng Auteuren op Staatskäschten an d’Ausland, däerbans anerer selwer fir hir Onkäschte mussen opkommen? Ass d’Auswiel vun de Schrëftsteller, déi geschéckt gi gerecht, oder einfach nëmmen “arbitraire”? A wéiwäit spille kommerziell Interessen eng Roll? Wéi transparent si Subventionéirungen am Literaturberäich? An den Ae vu ville Schrëftsteller beäntwert d’Kulturpolitik dës Froen entweder guer net oder net zefriddestellend. D’Auteure spiere sech net genuch respektéiert. Wéi reagéiert de Kulturministère op dës Kritiken? De Claude Mangen an d’Cléo Thoma hu verschidde Meenungen dozou agefaangen a probéieren, en nuancéiert Bild vun der Situatioun ze liwweren. (Rediff. vun 11.05)
text/html2010-07-09T17:00:00+01:00Nei Technologien
http://www.100komma7.lu/files/4/12/198158_nei-technologien.mp3

presentéiert vun der Post
Paperless Office
Um Büro, doheem, am Buttek an iwwerhaapt iwwerall, wou een eng Quittung brauch, kritt een e Blat Pabeier mat.
Trotz dem Computer huet een nach ëmmer e Bierg un Ziedelcher an Dokumenter, an et freet ee sech, op déi wierklech all néideg sinn.
Scho méi laang gëtt vum Büro ouni Pabeier geschwat, mä wat elo konkret geschitt ass a wou nach Verbesserungen ze maache sinn, kläert de Steve Clement. (Reprise vun 11.05)
text/html2010-07-07T17:00:00+01:00Gesondheetsforum
http://www.100komma7.lu/files/9/10/197844_gesondheetsforum.mp3
Tätowéierungen a Piercingen, déi aus Spaass an/oder als Symbol op oder an d’Haut gestach, gebrannt oder gepikt ginn, sinn an de westleche Länner zënter den 90er Jore ganz populär, mëttlerweil an alle Gesellschaftsschichten. Sou Agrëffer an d’Haut kënnen Niewewierkungen a Komplikatioune mat sech bréngen, wéi z.B. Entzündungen an Allergien. Och gëlt et opzepassen op d’Sonn, besonnesch wann et frësch Wonne sinn, d’selwecht wéi fir aner Behandlungen am Gesiicht, wéi z.B. Mikrodermabrasioun oder soss Peelingen, déi Hautschichten ofschläifen. Iwwer dës an aner Hautproblemer an iwwert d’Gefore vun de Sonnestrahlen am allgemengen, schwätzt d’Angie Maquil mam Dermatolog Xavier Miller. (Reprise vun 11.05)
text/html2010-07-06T17:00:00+01:00Politik a Gesellschaft
http://www.100komma7.lu/files/7/4/198007_politik-a-gesellschaft.mp3
Virun zwee Joer, de 4. Juli 2008, huet d’Chamber d’Gesetz iwwert d’«assemblée nationale de la jeunesse» gestëmmt, an domat de Wee fir d’Jugendparlament fräi gemaacht. Grad wéi an der Chamber sëtzen am Jugendparlament 60 «Deputéiert». Si sollen d’Stëmm vun de Jugendlechen am Land sinn, d’Partizipatioun vun de Jonken um gesellschaftspolitesche Liewe promovéieren a vrun allem de Lien sinn tëscht der nationaler Politik an der Jugend. Zwee Joer Jugendparlament: wéi huet een d’Theorie vun engem Gesetzestext an d’Praxis vun enger engagéierter politescher Mataarbecht ëmgesat, wéi grouss ass de Wëllen vun deene Jonken, d’Zukunft vum Land matzegestalten a wéi grouss d’Bereetschaft vun de «Beruffspolitiker» op déi Jonk ze lauschteren. Den André Duebbers huet nogefrot. (Rediff. vun 11.05)
text/html2010-07-05T17:00:00+01:00Senioren-Académie
http://www.100komma7.lu/files/8/3/198305_senioren-academie.mp3
Zënter Mäerz 2009 ass de Pilotprojet «Nuetswaach Doheem» zesumme mat der Fleegeversécherung an der Stëftung Hëllef Doheem an d’Liewe geruff ginn. Dëse Pilotprojet, vun deem all fleegebedürfteg Leit profitéiere kënnen, leeft nach bis Mäerz d’nächst Joer. D’Joëlle Drees huet mat Responsablen a mam Personal um Terrain en Tëschebilan gezunn. (Rediff. vun 11.05)
text/html2010-07-03T17:00:00+01:00Bicher aus de Joerhonnerten
http://www.100komma7.lu/files/8/9/198129_bicher-aus-de-joerhonnerten.mp3
1827 kënnt bei der Editioun Hoffmann und Campe dem Heinrich Heine säi Gedichtband “Das Buch der Lieder” eraus. Obschonns déi allergréisst Partie vun deenen 237 Texter vun 1817 un entstanen an och publizéiert gi war, avancéiert de Recueil zu engem vun de bedeitendste Gedichtbänn aus dem 19. Joerhonnert. «Das Buch der Lieder» gëtt ëmmer nees nei opgeluecht, an de Succès ass och dorunner z’erkennen, datt eng ganz Rëtsch Gedichter vun de romantesche Komponiste wéi Franz Schubert, Robert a Clara Schumann, Johannes Brahms, Felix Mendelssohn Bartholdy oder Franz Liszt vertount goufen. De Claude D. Conter, Conservateur am Centre national de littérature zu Miersch, gëtt en Abléck an déi Gedichtsammlung, déi net nëmmen dat fréit Wierk vum Auteur charakteriséiert, mä och déi ganz Bewegung vun der Romantik zu engem Enn bréngt. Deen net ëmmer bequeme Kritiker Marcel Reich-Ranicki huet a sengem Buch «Der Fall Heine» vum schéine Klank vum Heine senger Poesie, vum Auteur senger Perspicacitéit a vu sengem Stil geschwäermt, déi dozou gefouert hätten, datt dem Heine dat gegléckt wier, wat Europa den Däitschen net méi zougetraut hätt: e Stéck Weltliteratur an däitscher Sprooch. (Rediff. vun 11.05)
text/html2010-07-02T17:00:00+01:00Quantum
http://www.100komma7.lu/files/5/10/198247_quantum.mp3

presentéiert vun der Post
Thema: Grenzwëssenschaften.
Et gi Phänomener an Themen iwwer déi ënner Naturwëssenschaftler, op jiddefall offiziell, net gäre geschwat gëtt. Déi déi sech awer u se eruwoen, riskéieren net méi seriéis geholl ze ginn a blockéieren hir Carrière. Et si Phänomener, déi eis bekannten Naturgesetzer op d'Kopp dréinen, an dacks un der Grenz mam Okulten an der Scharlatanerei leien. An trotzdeem ginn et Spezialisten, déi de Courage hunn, sech mat Theme wéi d'Liewen nom Doud, perséinlech Erliefnesser, déi keng Wëssenschaft erkläre kann, Erschénge vu Geeschter a Gespenster, oder Liewensenergie, befaassen. De Claude Hallé setzt sech mat der néideger Skepsis awer ouni Viruerteeler mat deem, wat ënnert dem Begrëff Grenzwëssenschafte bekannt ass, auserneen. (Reprise vun 11.05)
text/html2010-06-30T17:00:00+01:00Gesond am Gaart
http://www.100komma7.lu/files/10/11/197130_gesond-am-gaart.mp3
Am Mount Juli, benannt nom réimesche Staatsmann Julius Caesar ass virun allem am Gaart Nätzen ugesot. Alles bléit an de schéinste Faarwen a richt am intensivste Geroch, ob Rousen am Blummen- oder Tomaten am Geméisgaart. De Jean Kieffer, President vun der Ligue Luxembourgeoise du Coin de Terre et du Foyer erënnert un déi wichtegst Aarbechten am Geméis- a Blummegaart. Kräider, e Geschenk vum Himmel, esou gi se beschriwwen, déi sëlleche Kräider, déi eis mat hirem Geroch a Geschmaach verféiere kënnen. Awer net nëmme Kierwel, Péiterséilech, Basilikum, Bratzelen a Co ginn haut degustéiert, mä och wëll Kräider, déi mir als Onkraut lénks léie loossen, kann ee réi oder gekacht gutt an der Kiche verschaffen, wéi d’Maggy Turpel-Backes dem Angie Maquil op enger Kräiderwanderung erkläert huet. (Reprise vun 11.05)
text/html2010-06-29T17:00:00+01:00Europa an Internationales
http://www.100komma7.lu/files/3/7/197607_europa-an-internationales.mp3

Afrika ass deen onbekannte Kontinent, grad wann et drëms geet, e Bild vum politeschen Afrika ze zeechnen.

Vill politesch Systemer an Afrika zielt een zu de «failed states» oder «états en échec». Dat si Staaten, déi mol net méi rudimentär funktionnéieren an déi domat grouss Defiziter an de Beräicher Regierungspouvoir, Sécherheet a Sécurité sociale hunn. A Westafrika sinn dat zum Beispill Sierre Leone oder Liberia, an Ostafrika de Sudan a Somalia oder an Zentralafrika déi Demokratesch Republik Kongo. Afrika, e Kontinent vun der politescher Inkoherenz? Den André Duebbers geet dëser Fro no.

(Rediff. vun 11.05)

text/html2010-06-28T17:00:00+01:00Leit wéi’s du an ech
http://www.100komma7.lu/files/8/11/197403_leit-wei-rsquo-s-du-an-ech.mp3

Als Infirmière Pédiatrique huet d’Catherine Jans decidéiert sech an Drëttlänner fir d’Organisatioun Raoul Follereau z’engagéieren. Viru kuerzem war si am Mali, wou si an enger Klinik all méiglech Pathologie bei Kanner soignéiert huet. D’Joëlle Drees huet sech mat der jonker Fra iwwert hir aussergewéinlech Erfahrungen ënnerhalen. (Rediff. vun 11.05)

text/html2010-06-26T17:00:00+01:00Déi regional Kulturhaiser
http://www.100komma7.lu/files/9/1/197250_dei-regional-kulturhaiser.mp3
Kulturhuef Gréiwemaacher

De Musée de l’Imprimerie, nieft dem Musée du Jeu de Cartes, Workshopen, Kino, Café, a villes méi maachen de Kulturhuef zu Gréiwemaacher aus. Haut ass dëst regionaalt Kulturhaus net méi aus der Kulturzeen ewech ze denken, a kaum ee weess nach, mat wat et hei eigentlech lass goung. D’Joëlle Drees invitéiert op eng Zäitrees, zesummen mat de Responsablen aus dësem Haus.

(Rediff. vun 11.05)
text/html2010-06-25T17:00:00+01:00Sportmagazin
http://www.100komma7.lu/files/4/11/197520_sportmagazin.mp3

Virun „den“ éischten 1/8-Finalle vun der Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, komme mer amSportmagazin op e Symposium zréck, deen am Mee op der UNI Lëtzebuerg war. An deemols housch et zu Walfer : „La Coupe du Monde: passions sportives, spécificités du public et identités“ ! Mam Co-Organisateur vun dësem Symposium, dem Historiker, UNI’s-Prof a fréiere Foussballer Denis Scuto kuckt de J-Pol Roden, wéi wäit zu Walfer der foussballerescher a gesellschaftlecher Realitéit Rechnung gedroe gouf ! (Reprise vun 11.05)

text/html2010-06-23T17:00:00+01:00Literaturliesungen
http://www.100komma7.lu/files/4/9/197102_literaturliesungen.mp3

Am Kader vun de «mardis littéraires» an der Stater Bibliothéik huet de Journalist an Auteur Rosch Krieps de 06. Abrëll dëst Joer Extraiten aus sengem gesamte Buchwierk (1963-2009) virgelies. Musekalesch enkadréiert war dës Liesung vu Studenten aus dem Stater Conservatoire. Dir héiert en Enregistrement vum Carlo Link.

Rosch Krieps
text/html2010-06-22T17:00:00+01:00Wirtschaft a Finanzen
http://www.100komma7.lu/files/7/4/197578_wirtschaft-a-finanzen.mp3
De 4. Mee huet de Premier Jean-Claude Juncker seng Deklaratioun zur Lag vum Land an der Chamber gemaacht. Eng Regierungsdeklaratioun, déi am Zeeche vun der Wirtschaftskris an den Tripartites-Gespréicher stoung. Wou sinn déi grouss Linne vun der zukünfteger Regierungspolitik? Kënne Politiker a wirtschaftlech schwieregen Zäiten der Populatioun nach Optimismus vermëttelen? Wou musse mir, geet et de Politiker no, de Rimm méi enk zéien a wou gëtt et nach Beräicher, wou nei Weeër opginn? Den André Duebbers huet sech verschidde Punkte vun der Deklaratioun erausgepickt. (Rediff. vun 11.05)
text/html2010-06-21T17:00:00+01:00Op Aenhéicht
http://www.100komma7.lu/files/0/7/197373_op-aenheicht.mp3
Zu Bierschbech bei Miersch gëtt et zënter Joren d’Blannenheem vun der Blannevereenegung. Et ass eng Struktur, déi speziell de Besoine vun de Leit, déi schlecht gesinn, ugepasst ass. Déi Responsabel leeën awer och am Interêt vun de Bewunner vill Wäert op sozial Integratioun. Clibb a Veräiner kënne fir speziell Geleeënheete vun de Raimlechkeeten, déi d’Haus bitt, profitéieren. An den Bierschbecher Ateliere schaffen zënter 2004 och Leit mat méi oder manner ageschränkter Vue. Nieft dem Atelier protégé an der Wunnstruktur ass viru kuerzem nach eng Maison Relais opgaangen. D’Joëlle Drees huet sech op der Plaz ëmgekuckt. (Rediff. vun 11.05)
text/html2010-06-19T17:00:00+01:00Kulturdossier
http://www.100komma7.lu/files/1/10/197220_kulturdossier.mp3

An den Zäite vum Kolonialismus war et üblech, Afrikaner an Afrikanerinnen (an net nëmme si) als mannerwäerteg unzegesinn. Si waren déi “Wëll”, an an hirem Statut alt méi no beim Déier wéi beim Mënsch (wouwéinst verschiddener och alt an Europa matbruecht an, sou wéi am Zoo, ausgestallt goufen). Mä och haut nach schénge mir eis vun där Iddi vum Animaleschen, a Verbindung mat de Leit aus Afrika, nëmme schwéier léisen ze kënnen. Gewëss Virstellunge si schwéier aus de Käpp ze kréien: déi Schwaarz si liddereg a schaffen nëmmen, wann ee se dozou forcéiert, si kënnen all formidabel Basketball spillen, fréier waren et Kannibalen a besonnesch gär hu se zart blond wäiss Frae giess, am léifsten trommelen se (och haut nach, si hunn e ganz gutt Gefill fir Rhythmus), a si danzen och ganz gär, an dat obschonns se net vill z’iessen hunn… an hir sexuell Prouessen eréischt! Mam Psychanalyst Thierry Simonelli huet d’Cléo Thoma iwwer Viruerteeler, Mythen a Fantasmen am Zesummenhank mat Afrika geschwat. (Rediff. vun 11.05)

text/html2010-06-18T17:00:00+01:00Innovatioun a Fuerschung
http://www.100komma7.lu/files/1/5/197462_innovatioun-a-fuerschung.mp3

„Uni’s-Professeren am Gespréich um radio 100,7“

Arnaud Bourgain

Den Arnaud Bourgain ass “Assistant-Professeur” an de Wirtschaftswëssenschaften op der Uni Lëtzebuerg, an dat speziell an der “Cellule de Recherche en Économie Appliquée (CREA)”. Seng Recherchë konzentréiere sech am Generellen op d’Analys vun der regionaler wirtschaftlecher Integratioun, virun allem an den Entwécklungslänner. An den 1990er Joren huet hien un engem Fuerschungsprogramm vum „African Economic Research Consortium“ (Nairobi) partizipéiert. De Professer Bourgain, deen Auteur a Co-Auteur vun enger Rei Publikatiounen ass, ë.a. zum Thema Makroeconomie, analyséiert am Gespréich d’Interessien an den Engagement vun der Volleksrepublik China an Afrika an an deem Zesummenhank, wéi och d’Auswanderung vun de Fachleit, ë.a. den Dokteren.

Eng Emissioun vum Carlo Link. (Reprise vun 11.05)
text/html2010-06-16T17:00:00+01:00Gesondheetsforum
http://www.100komma7.lu/files/9/7/197074_gesondheetsforum.mp3
Bluttanalysen an hir Bedeitung. Wie säi Resultat vun der Bluttanalys selwer entziffere wëll, muss sech an der Medezin auskennen, fir et richteg ze verstoen oder ze deiten. Nieft den Ofkierzunge wéi z.B. GGT, HbA1, oder CRP stinn d’Zuelen, déi fir dës Wäerter erlaabt sinn. Wat bedeiten dës Wäerter a wéi wichteg si sou Analysen. An de Laboratoirë wou d’Bluttanalysen ausgewäert ginn, ass all Dag Fréischicht ugesot. Wat sinn d’Aarbechten an engem Laboratoire, och am Beräich vun der Recherche? D’Angie Maquil huet sech an de Laboratoires Réunies zu Jonglënster informéiert beim Dokter Bernard Weber a senger Equipe, déi mat 160 Leit an den 33 Zentre queesch duerch d’Land verdeelt ass. (Reprise vun 11.05)
text/html2010-06-15T17:00:00+01:00Politik a Gesellschaft
http://www.100komma7.lu/files/9/6/197723_politik-a-gesellschaft.mp3
D’Gewalt an der Gesellschaft huet vill Gesichter. An deene leschte Méint ass vill iwwert déi kathoulesch Kierch diskutéiert ginn. Et gëtt awer ganz sielen iwwert d’Gewalt geschwat vis-à-vis vu Persounen, déi vun Aneren ofhängeg sinn an déi an Altersheimer, Spideler oder Strukture fir geeschteg an physesch Behënnerter betreit ginn. Wéi gëtt d’Personal an deenen Institutioune forméiert a wéi eng potentiell Gewaltbereetschaft gëtt et an esou Beruffer? Wéi wäit ass d’Personal an deenen Institutiounen och der Gewalt vun hire Patienten ausgesat? D’Carole Schimmer mat Äntwerten. (Rediff. vun 11.05)
text/html2010-06-14T17:00:00+01:00Liewensformen
http://www.100komma7.lu/files/3/3/197343_liewensformen.mp3

Identifikatiounsproblemer bei Adoptéierten

Fir Kanner ass et net einfach, hir eegen Identitéit ze fannen. Besonnesch Teenager doe sech schwéier domat. Wann d’Elteren net déi “biologesch Eltere” sinn, kann dat fir jonk Leit e weidere Problem duerstellen. Déi éischt Phas, wou d’Relatioun zueneen opgebaut gëtt, ass dacks fir d’Kand an d’Elteren net einfach an d’Kand ass mat Bindungsängscht geplot. An den nächste Phase kënnen ënnerschiddlech Kulturen e weidere Problem bedeiten. D’Joëlle Drees huet sech mat engem Expert ënnerhalen. (Rediff. vun 11.05)

text/html2010-06-12T17:00:00+01:00Viva Voce
http://www.100komma7.lu/files/4/6/197190_viva-voce.mp3
Natierlech hunn d’Komponisten hir Preferenzen an der Vokalmusek, wat d’Sprooch ubelaangt. Dacks huet de Komponist awer eng aner Sprooch gewielt, wéi seng Heemechtssproch. Dofir proposéiert de Luc Nilles nëmme Kompositiounen, bei deenen den Text an enger anerer Sprooch ass, wéi déi vum Komponist. (Rediff. vun 11.05)
text/html2010-06-11T17:00:00+01:00Nei Technologien
http://www.100komma7.lu/files/8/8/197491_nei-technologien.mp3

presentéiert vun der Post
Netz-Neutralitéit
Wann ee sech en Internetuschloss an d'Haus hëlt, mécht ee sech keng gréisser Gedanken, wéi dësen technesch funktionéiert.
D'Leitung soll stabel sinn an zu all Moment funktionéieren an et soll keen Drëtte kënne kucken, wat een um Internet mécht.
Datt den Internet awer dacks, ouni datt een et mierkt, gefiltert gëtt an datt op een opgepasst gëtt, ass haut bal eng Normalitéit.
De Steve Clement kuckt, wat Netz-Neutralitéit ass a firwat mir a Richtung Klassegesellschaft um Internet ënnerwee sinn, ouni datt mir et mierken. (Reprise vun 11.05)
text/html2010-06-09T17:00:00+01:00Ernährungsforum
http://www.100komma7.lu/files/3/5/197046_ernahrungsforum.mp3

Millioune vu Mënschen an Afrika si vun Hongersnout bedreet, bedéngt duerch falsch politesch a schlecht wirtschaftlech an ekologesch Moossnamen. Hongersnout ass d'Konsequenz vu Kricher, Verdreiwungen an Naturkatastrophen. Meldunge wéi d’Hongersnout am Simbabwe am Joer 2000, zu Darfur 2003, am Niger 2005 an 2006 an Äthiopien, am Somalia an am Nordoste vu Kenia suergen ëmmer nees fir Matgefill a Betraffenheet an animéieren och zu groussen Hëllefs- a Spendenaktiounen an der westlecher Bevëlkerung, an dach ass dëst ëmmer nëmmen eng Drëps op e waarme Steen. “Wie kommt der Hunger in die Welt?” Esou huet de Globaliséirungskritiker Jean Ziegler viru Joren e Buch erausbruecht mat Aussoen an Iwwerleeungen, déi eis all concernéieren. D’Angie Maquil huet mat Vertrieder vun zwou Associatioune geschwat, déi allebéid mat Hëllefsprojeten afrikanesch Länner ënnerstëtzen: SOS Faim Luxembourg a Caritas Luxembourg. (Reprise vun 11.05)

text/html2010-06-08T17:00:00+01:00Europa an Internationales
http://www.100komma7.lu/files/6/0/197665_europa-an-internationales.mp3

Afrika ass, finanziell gesinn, aarm, mä kulturell a landschaftlech ass et e räiche Kontinent. Leider kritt een haaptsächlech negativ Iddien a Biller vun Afrika vermëttelt; meeschtens am Kontext vun enger Hongersnout, Epidemie, engem Krich oder enger Rebellioun.

D’Realitéite si méi komplex. Wonnerschéi Landschaften, häerzlech Leit a räich Traditioune sinn Deel vun den touristeschen Attraktiounen an Afrika. Kontrastvoll erlieft een Afrika, wann een aus de monotonen Alldeeg um Land an déi hektesch, dacks chaotesch Stied kënnt.

Leider konzentréiert d’Tourismusindustrie sech haaptsächlech op e puer Länner, déi a Moud sinn, wéi Kenia, Namibien a Südafrika. Verschidde Géigenden hu sech an enger spezifescher Tourismusbranche spezialiséiert, wéi z.B. de Sextourismus.

D’Nathalie Oberweis kuckt sech dei verschidde Säiten vum Tourismus an Afrika un a bereest relativ onbekannte Länner wéi de Mali, de Burkina Faso an de Benin, déi virun allem bekannt sinn duerch d’ONGen, déi op der Plaz an der Entwécklungshëllef aktiv sinn. (Rediff. vun 11.05)

text/html2010-06-07T17:00:00+01:00Senioren-Académie
http://www.100komma7.lu/files/6/12/197313_senioren-academie.mp3
Den intergenerationellen Norden

Am Clubhaus op der Heed zu Hëpperdang gi regelméisseg Aktivitéite fir all Altersklassen organiséiert. Den Haaptakzent leeën déi Responsabel vum Club Senior op d’Altersklass ab 50, mä och jonk Leit huele regelméisseg un der Offer deel. Den Erfahrungsaustausch tëscht „Kleng“ a „Grouss“ soll elo och zesumme mat de Kanner aus der Primaireschoul vun Housen ulafen. Wéi dëse Projet konkret ausgesäit, huet d’Joëlle Drees op der Plaz nogefrot. (Rediff. vun 11.05)
text/html2010-06-05T17:00:00+01:00Bicher aus de Joerhonnerten
http://www.100komma7.lu/files/7/2/197160_bicher-aus-de-joerhonnerten.mp3
Emmanuel Levinas "Totalité et Infini"

Dat Buch, dat dës Kéier virgestallt gëtt, ass eent vun deenen, déi am 20. Joerhonnert eng regelrecht Revolutioun an der Philosophie vollzunn hunn. Et kann een an deem Sënn de Levinas duerchaus op eng gläich Héicht setze mat z.B. engem Heidegger oder engem Wittgenstein. Mat deem Ënnerscheed allerdéngs, datt de Levinas der Ethik eng absolut Prioritéit verschafen huet, virun allen anere philosopheschen Disziplinen, an éischter Linn der Metaphysik, mä och virum Heidegger sengem Seinsdenken an dem Wittgenstein senger Sproochphilosophie. Den Hubert Hausemer weist, wéi de Levinas dës Prioritéitssetzung versteet a begrënnt, an och wellech biographesch Hannergrënn si huet. (Rediff. vun 11.05)
text/html2010-06-04T17:00:00+01:00Quantum
http://www.100komma7.lu/files/0/1/197549_quantum.mp3

presentéiert vun der Post
Vulkaner, eng faszinéierend Gefor aus der Déift.
E Vulkan ass eng geologesch Struktur, déi op enger Plaz entsteet, wou flëssegt
Material aus dem Äerdmantel un d'Surface trëtt. Weltwäit ginn et Vulkaner
déi geleeëntlech oder stänneg aktiv, oder zënter 10.000 vu Jore roueg sinn.
De Claude Hallé erkläert, wéi Vulkaner entstinn a wat fir Zorten et gëtt. Rieds geet iwwer Eruptiounen, déi och ëmmer eng Gefor fir de Mënsch duerstellen, an iwwer nei wëssenschaftlech Methode fir Vulkanausbréch virauszegesinn.
Besonnesch thematiséiert ginn och déi Vulkaner, déi souzesoe virun eiser Dier an der Eifel existéieren, an d’Fro gëtt gestallt, wéi grouss d'Gefor wierklech ass, datt dës Vulkaner, déi zënter iwwer 10 000 Joer roueg sinn, erëm aktiv kéinte ginn. (Reprise vun 11.05)
text/html2010-06-02T17:00:00+01:00Gesondheetsforum
http://www.100komma7.lu/files/8/3/197018_gesondheetsforum.mp3

Net manner wéi 28 Schanke sinn an engem Fouss. Am Duerchschnëtt geet e Mënsch ëm 160 000 km a sengem Liewen. Virun allem d’Iwwergewiicht vum Kierper mécht de Féiss ze schafen. Awer net nëmmen, och Weiderbildunge wéi Hallux valgus: en ausgeprägte Spreizfouss oder Fehlstellungen un den Zéiwe kënne vill Péng ausléisen a sinn dacks nëmmen duerch Operatiounen ze behiewen. Bei den Ayurveda-Massage gëtt ganz vill Wäert op d’Féiss geluecht. Zesumme mam Orthoped Georges Thines schwätzt d’Angie Maquil iwwer Foussproblemer, Einlagen an Operatiounen.
(Reprise vun 11.05)
text/html2010-06-01T17:00:00+01:00Politik a Gesellschaft
http://www.100komma7.lu/files/5/2/197433_politik-a-gesellschaft.mp3
D’Wuert «Mobbing» ass de Moment an der Moud, mä gëtt dacks falsch verstanen. E Sträit tëscht Aarbechtskollegen, en haart Wuert vum Chef oder eng falsch Bemierkung ginn direkt als Mobbing bezeechent. Hannert dem Begrëff verstoppt sech eng traureg Realitéit: Intrigen a Schikane verbreede sech ëmmer méi an der Aarbechtswelt, an der Schoul, a Veräiner, an der Noperschaft. Am schlëmmste Fall ka Mobbing zu chronesche Krankheete féieren. Wéi kënnt et zu dësem Phänomen an der Aarbechtswelt a wéi kann een dogéint virgoen? Doriwwer informéiert d’Cathy Straus. (Rediff. vun 11.05)
text/html2010-05-31T17:00:00+01:00Leit wéi’s du an ech
http://www.100komma7.lu/files/1/0/196989_leit-wei-rsquo-s-du-an-ech.mp3
An de 70er Jore sinn déi éischt Chinesen op Lëtzebuerg komm. Eng Partie vun hinne si schonn an der 2. Generatioun hei. Si hu sech komplett an der Gesellschaft integréiert a gehéiere mëttlerweil zur Bevëlkerung aus. D’Joëlle Drees ass enger Persoun begéint, déi sech och sozial hei engagéiert.(Rediff. vun 11.05)
text/html2010-05-29T17:00:00+01:00Déi regional Kulturhaiser
http://www.100komma7.lu/files/6/10/196466_dei-regional-kulturhaiser.mp3
Beim Amenagement vum Kinneksbond zu Mamer gouf nieft de Schoul- a Sportinfrastrukturen d’Kultur net vergiess. En adaptéierten Zenter fir Concerten, Theater, all méiglech Forme vu Spektaklen, Ausstellungen a.s.w. gouf an Optrag ginn. Am Oktober 2010 mécht de „Kulturzentrum“ seng Dieren op. De polyvalente Sall, dee bis zu 450 Sëtzgeleeënheete bitt, ass den Haaptbestanddeel vum neie Kulturzenter. Dernieft stinn der Harmonie an der Museksschoul adequat Raimlechkeeten zur Verfügung. D’Joëlle Drees huet sech duerch d’Haus, an deem alles nach no „Nei“ richt, féiere gelooss. (Rediff. vun 11.05)
text/html2010-05-28T17:00:00+01:00Sportmagazin
http://www.100komma7.lu/files/2/0/196495_sportmagazin.mp3

Tëscht dem 20. Abrëll an dem 19. Mee 2010 hat d’Associatioun vun de Sportprofessere 4 Konferenzen zum Thema Schoulsport organiséiert. Ë.a. stoungen dës Konferenzen um Programm: „Mit Blaulicht in die Turnstunde – wie bringen wir Kinder und Jugendliche zur Bewegung?” oder nach “Werteerziehung im Sport – das Beispiel der Olympischen Erziehung”. De J-Pol Roden kënnt mam Robert Thillens, Präsident vun der Associatioun op dësen Zyklus zréck a kuckt, wat déi international unerkannte Sportwëssenschaftler dem lëtzebuergesche Sportunterrecht mat op de Wee konnte ginn.
(Reprise vun 11.05)

text/html2010-05-26T17:00:00+01:00Gesond am Gaart
http://www.100komma7.lu/files/9/6/196436_gesond-am-gaart.mp3

Artichauten an Tomaten aus dem eegene Gaart, Insekteplo bei de Muerten, Téi aus Ënnen oder Knuewelek an d’Freed u lackelegen Äerdbieren a Rubarb am Gaart, doriwwer geet Rieds. D’Angie Maquil war zesumme mam Jean Kieffer, President vun der Ligue Luxembourgeoise du Coin de Terre et du Foyer op Besuch an enger Cité jardinière, déi een och bei der 7. Editioun vum Dag vun den oppene Gaardepäertecher de 27. Juni besiche kann. Weider Theme sinn de Blummebouquet fir Mammendag den 13. Juni. (Reprise vun 11.05)

text/html2010-05-25T17:00:00+01:00Europa an Internationales
http://www.100komma7.lu/files/9/3/196524_europa-an-internationales.mp3
De Klimawiessel huet en direkten Impakt op verschidde Populatiounen. Eng Rei Inselstaaten riskéieren ze verschwannen. Och e Land wéi Bangladesch huet mat de Konsequenze vum Klimawiessel ze kämpfen. Op anere Plazen zerstéiert d'Dréschent all landwirtschaftlech Kulturen an d'Iwwerliewen ass hei net méi méiglech. Et geet drëms, de Mënschen eng Méiglechkeet ze ginn, sech un dës Situatioun z'adaptéieren. Déi eng mussen emigréieren, deenen anere muss gehollef ginn, nei Techniken ze kréien, fir weider an hirer Heemecht z'iwwerliewen. D'Carole Schimmer beliicht dës Problematik. (Rediff. vun 11.05)
text/html2010-05-24T17:00:00+01:00Senioren-Académie
http://www.100komma7.lu/files/7/10/196687_senioren-academie.mp3
A ville Familljen ass de Computer esou gängeg wéi d’Kachmaschinn. Fir eeler Leit ass dëst awer dacks nach e friemt Wiesen. De Wee op d’Bank kann een z.B. duerch dësen Apparat spueren. Et kann ee praktesch vun doheem akafen a Leit begéinen ouni e Schrëtt virun d’Dier ze maachen. Wéi sécher ass den Internet, resp. wéi kann ee sech ofsécheren? D’Joëlle Drees huet sech mat engem Expert iwwert e richtegen Ëmgank mam Internet ënnerhalen. (Rediff. vun 11.05)
text/html2010-05-22T17:00:00+01:00Kulturdossier
http://www.100komma7.lu/files/3/4/196265_kulturdossier.mp3
No laanger Virlafzäit, huet d’ASBL «Cultur’All» am Mäerz de Kulturpass a Presenz vun der Kulturministesch Octavie Modert, der Familljeministesch Marie-Josée Jacobs an der Stater Kulturschäffin Lydie Polfer presentéiert.

De Kulturpass adresséiert sech u Mënschen, déi d’«Allocation de vie chère» oder «Teuerungszulage» kréien, dat heescht Mënschen, deenen et um sozialen a finanzielle Plang net esou gutt geet, Mënschen déi awer wéi all déi aner, e Recht op Kultur hunn.

De Jean-Claude Majerus explizéiert, wat alles hannert der Iddi steet.

(Rediff. vun 11.05)
text/html2010-05-19T17:00:00+01:00Gesondheetsforum
http://www.100komma7.lu/files/3/4/196408_gesondheetsforum.mp3
“Lassen Sie sich von einem Lebenskonzept faszinieren, hinter dem 3000 Jahre an Beobachtung, Erfahrung und Wissen steht” esou war e Virtrag vum Club Senior Nordstad iwwerschriwwen, den 22. Abrëll am Festsall zu Schieren, ronderëm déi traditionell chinesesch Medezin mam Dr. Alexander Pan vum Gesundheits-Zentrum Saarschleife. D’Angie Maquil huet sech vum Dokter Pan dës Form vu Medezin a Philosophie am Detail erkläre gelooss an där Akupunktur a Moxibustioun eng wichteg Roll spillen. (Reprise vun 11.05)
text/html2010-05-18T17:00:00+01:00Politik a Gesellschaft
http://www.100komma7.lu/files/1/9/196868_politik-a-gesellschaft.mp3
Am Hierscht 2009 hat de Justizminister François Biltgen en neie Prisong um Uerschterhaff zu Suessem ugekënnegt.

Dëse geet awer net duer, fir de Schrasseger Prisong z’entlaaschten an en effiziente Prisong ze kréien. Eng Reform ass neideg, souwäit ass sech jiddwereen eens. Eng méi mënschlech a sozial Prisongsgestioun ass ugekënnegt. D'Prisongspolitik soll individualiséiert ginn an d'Zil vum Prisongsopenthalt soll eng sozial Reintegratioun an der Gesellschaft sinn. D'Nathalie Oberweis stellt dës déifgräifend Reform vir. (Rediff. vun 11.05)
text/html2010-05-17T17:00:00+01:00Op Aenhéicht
http://www.100komma7.lu/files/1/12/196780_op-aenheicht.mp3
Kanner mat enger Behënnerung si fir vill Familljen eng enorm Belaaschtung. Et ass net einfach si am Schoulsystem z’integréieren, a jee no Handicap kënne si och hei net adequat ënnerstëtzt ginn. Déi finanziell Belaaschtung ass och eng aner. Wat sinn de Moment déi finanziell staatlech Ënnerstëtzungen, déi enger Famill zoustinn, a wat sinn d’Demarchen, déi si maache muss? D’Joëlle Drees huet sech ëmfrot. (Rediff. vun 11.05)
text/html2010-05-15T17:00:00+01:00Viva Voce
http://www.100komma7.lu/files/6/0/196235_viva-voce.mp3
Ze feieren gëtt et jo wierklech ëmmer eppes a sief et nëmmen, fir deenen negative Stëmmunge vun eiser Zäit z’entkommen. D’Musek ass heifir natierlech e wonnerbare Katalysator. Wéi dacks heescht et an der Vokalmusek: Jubilate oder Alleluia awer och Prost oder Hurra. Je, haut gëtt gefeiert mat Kompositioune vun Händel iwwer Mozart bis Musical. Eng Emissioun vum Luc Nilles. (Rediff. vun 11.05)
text/html2010-05-14T17:00:00+01:00Nei Technologien
http://www.100komma7.lu/files/2/10/196583_nei-technologien.mp3

presentéiert vun der Post
Cloud Computing
All Informatiounen déi am Internet verëffentlecht ginn, mussen iergendwou gespäichert ginn.
All Servicer, wei z.B. sozial Netzwierker, Telefon iwwer Internet oder Reese buchen, sinn iergendwou um Netz.
Am Moment gëtt ëmmer nees eng Technologie genannt, wou all dëst transparent integréiert ass: „Cloud Computing“.
Wat dëst mat eisen Daten ze dinn huet, op dës Daten do a Sécherheet sinn a wou dës mysteriéis Wollek iwwerhaapt hier kennt, erkläert de Steve Clement.
(Reprise vun 11.05)
text/html2010-05-12T17:00:00+01:00Ernährungsforum
http://www.100komma7.lu/files/8/2/196380_ernahrungsforum.mp3
Déi chinesesch Kiche virzestellen ass net ganz einfach, well et net manner wéi aacht grouss Regionalkiche ginn, vu Sichuan bis op Zhejiang, an déi ënnerscheede sech a sou zimlech allem, wat ee sech virstelle kann. Vun der Gesondheetskiche bis bei dat Vegetarescht, Menue mat Rëndfleesch, Schwéngefleesch, Int, Schofsfleesch an natierlech mat Fësch. Da ginn et och nach méi exotesch Delikatessen, wéi z.B. frittéiert Insekten. D’Angie Maquil war op Besuch bei enger chinesescher Famill, déi zanter ville Joren hei am Land e Restaurant huet. Si proposéieren eng kleng kulinaresch Rees duerch déi verschidde Regiounen. Mat der Dieteticienne Liz Müller geet Rieds iwwer d’Gewierzer an d’Preparatioun beim Nokachen. (Reprise vun 11.05)
text/html2010-05-11T17:00:00+01:00Wirtschaft a Finanzen
http://www.100komma7.lu/files/10/5/196734_wirtschaft-a-finanzen.mp3

Weltausstellung Shanghai

Den 1. Mee huet d’Weltausstellung zu Shanghai ugefaangen. 200 Länner si mat derbäi, eng 70 Millioune Visiteure ginn erwaart. Fir d’Stad Shanghai mat ronn 18 Milliounen Awunner ass dat e Mega-Event, vun deem sech wirtschaftlechen Impakt erwaart gëtt. Och Lëtzebuerg ass op der Expo 2010 vertrueden. Ass d’Weltausstellung fir de Grand-Duché e rentabelt Geschäft oder geet et hei éischter ëm Prestige? Den André Duebbers huet recherchéiert. (Rediff. vun 11.05)

text/html2010-05-10T17:00:00+01:00Liewensformen
http://www.100komma7.lu/files/5/6/196553_liewensformen.mp3
Dëst Joer feiert de Foyer St Elisabeth zu Esch seng 75 Joer. De Moment ginn an dësem Haus 53 Kanner betreit. 41 vun hinne liewe ganz am Foyer, 6 sinn am Ausland, mä gi vun de Responsablen, déi d’Autorité parentale hunn, suivéiert a 6 Kanner sinn nees zréck an hir Famill. Mä och do geschitt de Suivi weider vu Responsablen aus dem Foyer. Dat jéngst Kand huet 3 Méint, an dat eelst 23 Joer. Wéi den Alldag an dësem „Kannerheem“ ausgesäit a wéi sech dësen am Laf vun der Zäit geännert huet, deene Froen ass d’Joëlle Drees nogaangen an huet sech op der Plaz informéiert. (Rediff. vun 11.05)
text/html2010-05-08T17:00:00+01:00Kulturdossier
http://www.100komma7.lu/files/9/9/196205_kulturdossier.mp3

Op der Weltausstellung zu Shanghai gi vum 1. Mee bis 31. Oktober eng 20.000 Kulturevenementer organiséiert. De lëtzebuerger Pavillon mam Slogan “Small is beautiful too” offréiert a sengem Kulturprogramm virun allem Musek-, Danz- an Theaterprojeten, déi de Curateur Christian Mosar als ‘arts performatifs’ definéiert, well den Akzent op non-verbaler Musek- a Kierpersprooch fir dee gréisstendeels chinesesche Publikum läit. Am Auditoire vum lëtzebuerger Pavillon hunn 150 Leit Plaz, fir sech déi verschidde Spektaklen unzekucken. D’Sylvie Flammang ass Detailer iwwert dëse Kulturprogramm beim Curateur Christian Mosar a bei der Barbara Zeches vum Kulturministère gewuer ginn. (Rediff. vun 11.05)

text/html2010-05-07T17:00:00+01:00Quantum
http://www.100komma7.lu/files/9/0/196612_quantum.mp3

presentéiert vun der Post
Sekten an d'Wëssenschaft.
An enger Zäit, wou déi grouss Weltreliounen an eise Géigenden u Buedem verléieren, kréien nei reliéis Mouvementer ëmmer méi Zoulaf. Et kéint een unhuelen, datt déi näischt wëlle mat der Wëssenschaft ze dinn hunn, respektiv datt se kaum d’Naturwëssenschaft an hir Iddie mat abezéien. Genee de Géigendeel ass awer de Fall, an ëmmer méi Sekte versiche wëssenschaftlech Konzepter esou ze manipuléieren, datt se hire Glawen ënnerstëtzen. De Claude Hallé weist un Hand vu Beispiller, wéi d’Wëssenschaft bewosst falsch interpretéiert gëtt, fir sougenannten "neie Reliounen" e rationale Mantel ëmzeleeën an hiren dacks kuriéisen Iddien a Praktiken e rationalen Alibi, respektiv eng medezinesch oder wëssenschaftlech Aura z’erschafen. (Reprise vun 11.05)