Neiegkeeten

14/07/2010

De Summerconcours

Iwwert de Summer gräift de radio 100,7 déi verschidden Theme vun de läschte Méint nach eemol op. Gewannt all Dag flott Präisser. >>

13/07/2010

Kulturrees op Dresden

Fir den 300. Jubiläum vun der Parzeläin-Hirstellung organiséiert de radio 100,7 eng thematesch Rees op Dresden >>

All Neiegkeete weisen

radio 100,7

De soziokulturelle Radio, «radio 100,7» fënnt säin Urspronk am Mediegesetz vum 27. Juli 1991. 2 Joer méi spéit iwwerdréit de radio seng éischten Emissioun, den 19. September 1993 op der Frequenz 100,7 am FM-Band.

Den Optrag vum radio 100,7 ëmfaasst d’Produktioun an Diffusioun vun engem soziokulturelle Programm, e Programm fir Kultur an Informatioun mä och sozial Kommunikatioun an Ënnerhalung. De radio 100,7 diffuséiert e gemëschte Museksprogramm mam Schwéierpunkt op klassescher Musek.

De radio 100,7 huet kloer definéiert, kulturell Objektiver: Promotioun vu kulturellen Aktivitéiten an der artistescher Kreatioun, kulturell Sensibiliséierung vum Publikum, Verstäerkung vun der kultureller Identitéit vu Lëtzebuerg, Kenneléiere vun der nationaler Geschicht, Promotioun vun der lëtzebuerger Sprooch an eng kulturell Zesummenaarbecht mat den Nopeschlänner.

Zanter 1997 ass de radio 100,7 och Member bei der European Broadcasting Union (EBU), hei ass de Radio virun allem a kulturellen an techneschen Aarbechtsgruppen aktiv.

De radio 100,7 ass en établissement public, en ëffentlich-rechtliche Radio, dee säi Programm als service public versteet. De radio 100,7 partizipéiert iwwer seng Emisisounen eraus um ëffentleche Liewen. Konferenzen, Liesungen a Concerte ginn opgezeechent fir spéider iwwer d’Frequenz 100,7 diffuséiert an domat engem breede Publikum accessibel gemaacht ze ginn.

Säit ausdrécken | Säit schécken