Neiegkeeten

24/05/2013

Thema vum Mount Juni 2013

Ee Mount, een Thema: Journalismus >>

23/05/2013

Françoise Poos

nei Presidentin vum radio 100,7-Verwaltungsrot >>

13/05/2013

Richard Wagner (22.5.1813-13.2.1883)

Spezial Emissiounen am Kader vum 200. Anniversaire vum Museker >>

All Neiegkeete weisen

radio 100,7 op Orbit!

De radio 100,7 ass zënter kuerzem och iwwer Astra z‘ëmpfänken. Fir de radio 100,7 kënnen iwwer Satellit 
ze logo-astralauschteren, braucht Dir eng Satelitteschossel, déi op den Astra 3B ausgeriicht ass. Duerno musst Dir Ärem Receiver soen, wou de radio 100,7 ze fannen ass (Detailer ënner 4) Settings). Well et ganz vill verschidde  SetTopBoxe ginn, probéiere mir hei no an no detailléiert Beschreiwungen ze brengen.


Et ginn 3 Astellungs-Méiglechkeeten:

1) De Receiver huet eng agebauten auto-update Funktioun

Dat ass déi einfachste Léisung iwwerhaapt. Hei kuckt de Receiver periodesch, wat et Neits um Satellit gëtt a setzt d’Programmlëschten à jour. Wann Dir esou e Receiver hutt, dann ass de radio 100,7 mat grousser Warscheinlechkeet schonn an de Lëschten dran. Einfach mol nokucken an an d’Favorite setzen. Wann net, kann een och den Auto-Update “forcéieren”. Ob äre Receiver en Auto-Update huet, a wéi een e forcéiere kann, fannt Dir an der Bedienungsanleitung.

2) Eng Sich no neie Programmer

Dat geet iwwer de Menüpunkt vun den Astellungen. Déi meeschte Satellitekäpp (LNB), déi zu Lëtzebuerg am Asaatz  sinn, “kucke” gläichzäiteg op zwou Orbitalpositiounen: 19,2 an 23.5 Ost. Am Menü kann een deementspriechend och aussichen, wéi e Satellit gescanned soll ginn. Fir Zäit ze spueren, kann een hei festleeën, datt nëmmen den Astra 3B soll duerchsicht ginn. Wann de Scan eriwwer ass, fënnt ee bei den Radiosprogrammer een neie Service: radio 100,7 Lëtzebuerg. Elo setzt ee sech deen am beschten bei d’Favoriten an et steet näischt méi engem ongestéierten Ëmpfank a beschter Qualitéit am Wee.


3) De radio 100,7 manuel bäisetzen

Wie sech scho besser mat der Satellitentechnik auskennt, ka mat Hëllef vun den Infoen an der Këscht „TechInfo“ de radio 100,7 manuel astellen. Wéi een um Bild vum “Footprint” erkennt, ass de radio 100,7 am PanEuropäesche Beam vum Astra 3B. Domat ass de radio 100,7 elo iwwer een enorm grousst Gebitt a beschter Qualitéit  z‘ëmpfänken. Am Zentrum vum Beam (also och zu Lëtzebuerg) geet et duer, wann een eng relativ kleng Antenn huet. Wat ee méi wäit vum Zentrum eweg ass, wat een eng méi grouss Schossel brauch, fir den Astra 3B z‘ëmpfänken an domat och de radio 100,7 ze lauschteren. Fir och bei schlechte Wiederconditiounen nach gudden Ëmpfank ze hunn, sollt een zu Lëtzebuerg bei enger neier Installatioun eng 80cm Schossel virgesinn.

4) Settings
 

Position: 23.5 E

Satellit : Astra 3B, paneuropean beam
Transponder: 3.224
Service ID : 5246
Network ID : 3
Frequency : 12168 MHz
Polarization: Vertical
SR : 27500
FEC: 3/4
Modulation: DVB-S QPSK
Service Name : radio 100,7 Lëtzebuerg

 

ASTRA 3B Pan_European_Beam

Säit ausdrécken | Säit schécken