Neiegkeeten

24/10/2014

Musek am Éischte Weltkrich

Nodeems de radio 100,7 an der Serie 1914 - eng modern Katastroph analyséiert huet, wéi Literatur a Molerei mam Thema Éischte Weltkrich ëmgaange sinn, wéi de Krich d’Kultur verännert huet, ass et elo de Bléck op d’Musek an d’Museker an de Joren 1914 bis 1918. >>

18/09/2014

Christiane's Café

sonndes vun 08:05-09:00 >>

15/09/2014

Thema vum Mount September an Oktober 2014

Wieder, Klima an Ëmweltschutz >>

All Neiegkeete weisen

radio 100,7 - «Alles wat wichteg ass, zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus»

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer mat engem Fokus op Informatioun an Aktualitéit, Kultur, Musek, Bildung an Divertissement a bitt doriwwer eraus soziokulturellen Associatiounen aus dem ganze Land en Accès op d’Antenne.

De radio 100,7 huet d’Ambitioun, déi villfälteg an divers Realitéite vun der lëtzebuergescher Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëm ze ginn.

De radio 100,7 ass Partner vu ville kulturellen Evenementer aus dem ganze Grand-Duché an huet eng privilegiéiert Relatioun mat der Philharmonie Lëtzebuerg.

 

Eis Programm-Offer

Informatioun:
- All Dag 24 Noriichten- an Aktualitéitsemissiounen
- Dossieren a Magaziner déi un déi politesch, ekonomesch a sozial Aktualitéit uknëppen

Kultur:
- Déi kulturell Aktualitéit mat kulturellen Noriichten, Dossieren a Magaziner
- Interviewe mat Kënschtler, Konferenzen an Debaten

Musek:
- All Mount 230 Stonne klassesch Musek an 315 Stonnen net-klassesch Musek
- Musekalesch Aktualitéit a spezialiséiert Magaziner déi sech mat der klassescher an der net-klassescher Musek beschäftegen

Soziokulturelle Volet:
- Accès op d’Antenne fir sëllech Organisatiounen aus dem sozialen a kulturelle Beräich
- 500 realiséiert an diffuséiert Interviewen am Joer 2013

De radio 100,7 gouf geschaf duerch d’Gesetz vum 27. Juli 1991 iwwer d’elektronesch Medien an ass op Sendung zënter 1993.

De Radio ass en établissement public a gëtt duerch eng staatlech Budgetsdotatioun finanzéiert.

 

Eis Ecoute:

Laut der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2014 huet de radio 100,7 en taux d’audience journalière vun tëschent 4,5% an 8%[1]. Den taux d’audience globale iwwer eng Woch läit tëschent 20,1% an 30,5%[2]. Insgesamt lauschteren méi wéi 100 000 Leit all Woch de radio 100,7.

 



[1] 4,5%: Méindes bis Sonndes, Résidents vun 12 Joer a méi.
8%: Méindes bis Freides, Lëtzebuerger vun 15 Joer a méi.

[2] 20,1%: Méindes bis Freides, Résidents vun 12 Joer a méi.
30,5%:  Méindes bis Sonndes, Lëtzebuerger vun 15 Joer a méi. 

 

Säit ausdrécken | Säit schécken