Projets
Schonns den Heraklit huet mat sengem «Pantha Rhei» dem onendleche Floss vun Alles an Allem ënnerstrach, wéi wichteg eng kontinuéierlech Evolutioun ass. De radio 100,7 huet mat enger klenger Präsenz um Spaweck ugefaangen. Haut si mir houfreg drop, dem Nolauschterer eng komplett Offer unzebidden, net nëmmen ass de ganze Programm online, mä den Nolauschterer kann och geziilt Emissiounen no sengem Goût sichen a fannen, eng Offer déi mir nees ee Schrack verbessert hunn.
Alleguerten déi Emissiounen, vun deene mir de Copyright hunn, sti fir den Nolauschterer zur Verfügung. Ausgeholl ass natierlech d’Musek, well déi ënnert e frieme Copyright fällt. De radio 100,7 däerf se also net via Internet zur Verfügung stellen.
De radio 100,7 ass sech och bewosst, datt en an Deeler vum Land net esou gutt z’empfänken ass. Dëse Projet hëlt lues a lues Form un, och, wann et net ëmmer esou séier geet, wéi mir eis dat wënsche géifen. Digital Technlogien wéi DAB , DRM oder anerer kéinten och an Zukunft zu engem Diffusiounsvektor vum radio 100,7 ginn.
Nodeems de radio 100,7 als éischten zu Lëtzebuerg radio testweis iwwer GPRS ugebueden huet, iwwerlee mir och weider drun, wéi een esou Zervisser ka fir jidereen a präislesch attraktiv ubidden.
Och um internationale Plang ass de radio 100,7 ganz aktiv, sou si mir aktive Member vun der EBU wou mir virun allem um Projet Net10 matschaffen, hei geet et ënnert anerem drëm, Live-Audio iwwer IP z'iwwerdroen. Dëse Satelittebaséierte Projet vun der EBU kéint eis et dann och kuerzfristeg erlaben, d'Concerten aus eisen nationalen (Philharmonie) a regionalen Zentren (Cape, Trifolion, Woltz, Cube 521...) a méi grousser Zuel iwwer d'Grenzen vum Land erauszedroen.
©2010 radio 100,7 | Webdesign | Création du site web par VAlain S.A.


