enregistréieren news rss

Emissiounen

<< Zréck op d'Lëscht vun den Emissiounen

Kulturdossier

18:30 - 19:00

Kategorie vun der Emissioun

Responsabel

Claude Mangen

Allgemeng Beschreiwung

Iwwer 400 Stécker ëmfasst d’Villeroy & Boch-Septfontaines Sammlung, déi den Edouard Simon a seng Fra Catherine zesummegestallt hunn. Et handelt sech dobäi gréisstendeels ëm Figuren, vun Dänzerinnen zu Déiereplastiken, och verschidde Gebrauchsobjekte wéi Äschebecheren a Vasen gehéieren derzou. Spezifesch ass den Zäitraum, deen d’Kollektion ëmfaasst: vum Art Deco vun 1920 bis an d’60er Joren. Wéi kennt een dozou, sou eng Sammlung opzestellen? Wou fënnt een déi begierte Fantaise-Faiencen? Wellech Problemer oder Iwwerraschunge kann ee beim Sammlen erliewen? Kritt d’Sammlen iwwerhaapt en Enn a wéini hält een op? Souveniren an Anekdoten.
Den Edouard Simon huet sech vu senger Sammlung getrennt. Si ass zënter dem 15. Febuar am Stater Geschichtsmusée ze gesinn. D’Maggie Steffen huet sech mam passionéierte Sammler ënnerhalen. (Rediff.)

Presentateur/trice

Enregistrement de l'émission