enregistréieren news rss

Emissiounen

<< Zréck op d'Lëscht vun den Emissiounen

Evocations

19:30 - 20:00

Kategorie vun der Emissioun

Responsabel

Claude Mangen

Allgemeng Beschreiwung

Den André Gide zu Diddeleng an zu Colpech
Vun all deene Schrëftsteller, Philosophen, Politiker an Artisten, déi den Émile an d’Aline Mayrisch-de Saint-Hubert an hirer Villa zu Diddeleng an dunn an hirem Schlass zu Colpech empfaangen hunn, ass den André Gide dee bekanntesten. Hien huet net fir näischt 1949 den Nobelpräis fir Literatur kritt. Mä zu den Zäite vun der Koppel vu lëtzebuerger Mäzene war hien eréischt amgaang, seng Carrière opzebauen. Als hyperdouéiert Autodidactin an als konschtinteresséiert Fra aus guttbiergerlechem Milieu, huet d’Aline Mayrisch d’Enstoe vu sengem Wierk vun Ufank u verfollegt. Si huet schonns fréi Rezensiounen dozou geschriwwen, de Gide huet si als Autorin an d’Nouvelle Revue française ophuele gelooss, wou si als Vermëttlerin tëscht Frankräich, der Belsch an Däitschland hir Roll als polyglott Lëtzebuergerin spille konnt. Mam Auteur vun den "Nourritures terrestres" a vun de "Faux-monnayeurs" hat si eng faszinant intellektuell Frëndschaft, jo scho bal eng Komplizitéit, och wann, op reng mënschlechem Plang, de Fransous, dee «le contemporain capital» genannt ginn ass, si eigentlich huet missen enttäuschen.
De Frank Wilhelm erënnert un dës grouss Zäit, wou Lëtzebuerg, dank zwee räichen, intelligenten a generéise Leit, Uschloss fonnt hat un déi modern Zäit am éischten Drëttel vum viregte Joerhonnert. (Rediff.)

Presentateur/trice

Enregistrement de l'émission