Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher - Sol

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Atomausstig: De Robert Habeck geréit an Erklärungsnout

Däitschland

Atomausstig: De Robert Habeck geréit an Erklärungsnout

No de Virwërf géint den däitsche Wirtschaftsminister Robert Habeck, datt intern Bedenken an de Ministèrë géint een Atomausstig ënnerdréckt gi wieren, huet sech de Minister elo missen erklären.

auto_stories

1 min

Robert Habeck

An der Kommissioun fir Klimaschutz an Energie sot den Habeck, datt een d‘Optioun vun engem Weiderlafe vun den Zentrale proaktiv gepréift hätt. D‘Dokumenter géife beweisen, datt ee scho virum Krich an der Ukrain op d‘Bedreiwer duergaange wier a gefrot hätt, ob déi Zentrale weider kéinte lafen, an op dat eppes géing hëllefen.

D‘Äntwert wier gewiescht, datt déi lescht Brennelementer bis Enn dës Jores ausgebrannt wieren. Duerno géif den Delai nach ëm e puer Méint verlängert ginn.

Prioritéit hätt fir hien ëmmer d‘Versuergungssécherheet gehat, sou nach den Habeck.