Radioen

On air

De Moien  |  Swamp Dogg - Count The Days Feat. Jenny Lewis

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bei Messerattack am Elsass: Eng Schülerin wéinst Häerzstëllstand ëm d‘Liewe komm

Frankräich

Bei Messerattack am Elsass: Eng Schülerin wéinst Häerzstëllstand ëm d‘Liewe komm

Am Elsass ass eng Schülerin no enger Messerattack an enger Schoul an der Géigend vu Stroossbuerg gestuerwen. Dat 14 Joer aalt Meedchen hat wärend dem Policeasaz an der ofgerigelter Schoul en Häerzstëllstand.

auto_stories

1 min

D‘Schoulverwaltung huet de Muere confirméiert, d‘Meedche wier duerno am Spidol verscheet. Et ass net kloer, op dat Jugendlecht scho virdrun Häerzproblemer hat. Gëschter hat e Mann eng 11 Joer al Schülerin virun der Schoul mat engem Messer um Hals blesséiert.

Op enger Plaz nobäi huet hien och e 7 Joer alt Meedchen ugegraff an och liicht blesséiert. Ee Verdächtegen, en 30 Joer ale Mann, gouf festgeholl. Éischten Erkenntnisser no wier hie psychesch labil. Säi Motiv ass nach onbekannt, de Parquet schléisst en terroristeschen Hannergrond aus.