Radioen

On air

De Moien  |  St. Vincent - Big Time Nothing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bilan vun der Aarbechtsinspektioun: 3.200 Protokoller goufen d'lescht Joer verdeelt

ITM

Bilan vun der Aarbechtsinspektioun: 3.200 Protokoller goufen d'lescht Joer verdeelt

D’ITM huet zejoert ronn 3.200 Protokoller an Héicht vun iwwer 14 Milliounen Euro verdeelt. Dat geet aus dem Joresrapport vun der Aarbechtsinspektioun ervir. De Service selwer wäert dann och wuessen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

ITM | © picture alliance / photothek | Ute Grabowsky play_arrow
Foto: picture alliance / photothek | Ute Grabowsky

Och dräivéierel vun de Kontrolle géifen den Detachement betreffen, esou de Marco Boly, den Direkter vun der ITM. Virun allem am Bausecteur schafft de Gros vun de Salariéen net fir e Lëtzebuerger Betrib.

"81.000 Leit, déi am Detachement op Lëtzebuerg an de Bausecteur schaffe kommen, dat heescht een Drëttel ass vu Lëtzebuergeschen Entreprisen ugestallt, an zwee Drëttel déi am Bausecteur schaffen um Joer kommen heihinner schaffen. Do gesäit ee wéi wichteg et ass, datt mir déi Kontrollen am Beräich vum Detachement elo maachen."

Wa Protokoller net hëllefe brauch et Sanktiounen 

D’ITM verdeelt Protokoller wa beispillsweis d’Aarbechtszäite vun de Salariéeën, oder d’Sécherheetsmesuren net agehale ginn. Dacks géifen d’Entreprisen de Code du travail guer net kennen, mengt de Marco Boly, oder awer si géifen de Code du travail bewosst net wouer huelen. Grad a Krisenzäite géife verschidde Betriber probéieren, ze fuddelen.

"Kee Betrib, oder déi wéinegst Betriber, déi wëllen an enger illegaler Situatioun sinn. An ech mengen och d’Protokoller, déi ee kritt, iergendwann eng Kéier da lount et sech net méi, fir d’Gesetzer hei zu Lëtzebuerg ze bradéieren, an iergendwann komme se selwer op den Triichter, datt et besser ass, sech ze konformiséieren, an dann hu mir eist Zil erreecht."

Zil vun der ITM wier et net, Protokoller ze verdeelen, mee d’Entreprisen dozou ze forcéieren, sech un d’Gesetzgebung ze halen, esou nach de Marco Boly. An da géifen et eben e puer "Haartnäckeger" ginn, an déi géif een nëmme mat Sanktioune berouegt kréien. D’Protokoller vun der ITM kënne jee no Beräich bis 50.000 kaschten, esou den Direkter vun der ITM.

24-Stonnen-Déngscht muss assuréiert sinn

De Marco Boly huet iwwerdeems matgedeelt, datt déi staatlech Ënnerstëtzung vun der ITM am Joer 2024 eropgesat ginn ass, sou datt elo 18 Leit méi bei der ITM schaffen.

Déi 18 Leit géingen an der Verwaltung bäigesat, esou de Marco Boly. Den Accent léich awer ëmmer nach op den Aarbechtsinspektere setzen. 

"Dir wësst, datt mir bei den Aarbechtsaccidenter eng Astreinte garantéieren, dat heescht et ass e 24-Stonnen-Déngscht. D’Aarbechtsinspektere gi verstäerkt, a mir wäerten dëst Joer och een Accent op d’Entwécklung vun eiser Informatik setzen."

Momentan schaffen 232 Leit fir d’ITM, dovu sinn der 130 Aarbechtsinspekteren.

Paritéit wat d'Mataarbechter ugeet

Et misst een awer och an d’Richtung vun der kënstlecher Intelligenz goen, an do misst een nei Ressourcen um Aarbechtsmarché fannen, fir déi kënnen ze recrutéieren, esou nach de Marco Boly.

Zefridden huet den Direkter iwwerdeems matgedeelt, datt een an Tëschenzäit bei hire Mataarbechter Paritéit erreecht huet.

D’ITM huet den Optrag ze kontrolléieren, op de Code du travail an de Betriber zu Lëtzebuerg agehale gëtt, also op d’Aarbechtszäite vun de Salariéen oder d’Sécherheetsmesuren agehale ginn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit