Radioen

On air

Notturno  |  Makaya McCraven - Autumn In New York

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CNS-Agencen: Just nach mat Rendez-vous

Wéinst laange Waardezäiten

CNS-Agencen: Just nach mat Rendez-vous

D’Agencë vun der Gesondheetskeess funktionéiere vun haut un nëmmen nach op Rendez-vous. Doduerch wëllt d’CNS d’Effikassitéit vun hire Servicer erhéijen. D’Zuel vun de Leit, déi an d’Agencë kommen, wier ganz staark an d’Luucht gaangen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
De Christian Oberlé ass Direkter vun der CNS (Foto: 100,7)

Den CNS-President Christian Oberlé schwätzt vun deelweis bis 40 Prozent méi Leit, déi an d‘Agencë kommen. Virun allem virun den Agencë vun der CNS zu Esch an Diddeleng hätten et dowéinst laang Waardeschlaange vu Leit ginn, erkläert de Christian Oberlé.

Pilot-Projet zu Diddeleng

An der Agence zu Diddeleng wier doropshin ee Pilot-Projet mat nëmmen nach Rendez-vouse lancéiert ginn. An deen hat Succès.

„Do hu mir gemierkt, datt dat alles vill méi roueg geet. Datt dann och déi laang Waardeschlaange virun der Agence kënnen evitéiert ginn.“

Dobäi kéim, datt ee mat deem System vill méi Rendez-vousen an engem Dag gemaach kritt.

Den CNS-President hofft deemno elo op eng Verbesserung vun der Situatioun, wann all 15 CNS-Agencë vun haut un nëmmen nach op Rendez-vous funktionéieren.

Iwwer MyGuichet oder Telefon

Hire Rendez-vous bei der CNS fir hir Sue vun der Dokteschrechnung direkt rembourséiert ze kréien, kënnen d’Leit op verschidde Manéieren ausmaachen.

„Dat effiasst, dat ass wierklech ee Rendez-vous ze huelen iwwert de Myguichet. Dat ass vun eis och esou preparéiert ginn, datt dat ganz liicht ofleeft.“

Donieft gëtt et och d’Méiglechkeet, ee Rendez-vous bei der Gesondheetskeess iwwer Telefon auszemaachen, esou hire President Christian Oberlé. Dofir wier eng speziell Telefonslinn ageriicht ginn.

Fir méi Rendez-vouse kënnen ze offréieren, ginn och d’Ëffnungszäite vun deene groussen CNS-Agencen an der Stad, zu Esch an zu Déifferdeng verlängert.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Gesondheet
Politik a Gesellschaft