Radioen

On air

Tockcity  |  Dizzee Rascal - Stay In Your Lane

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Schwammsaison fänkt e Mëttwoch un

Schwammweieren a Séie ginn opgemaach

D'Schwammsaison fänkt e Mëttwoch un

E Mëttwoch ginn d‘Schwammweieren a Séien hei am Land fir de Public opgemaach. Dat deelt d‘Waasserverwaltung mat. Dozou zielen déi zwee Séien zu Wäiswampech, verschidde Plazen um Stauséi an de Weier zu Rëmerschen.

auto_stories

1 min

© Jo Diseviscourt
Foto: Jo Diseviscourt

D‘Ouverture vun der neier Adventure Island um Iechternacher Séi ass iwwerdeems eréischt fir Enn Mee virgesinn. Dat wéinst aktuellen Aarbechten um Ponton. Wärend der Saison – déi geet bis den 30. September - gëtt d‘Qualitéit vum Waasser op deene Plazen iwwregens reegelméisseg iwwerwaacht.