Spirit Aerosystems baut de Rumpf an aner gréisser Stécker vun ënner anerem der Boeing 737. Dem Procureur no wier et wéinst Fabrikatiounsfeeler zu enger ganzer Rei vu geféierlechen a beonrouegenden Tëschefäll komm.
Nach am Januar hat eng Boeing 737 Max 9 wärend dem Vol eng Dier verluer. Virun e puer Deeg réischt hat de Generaldirekter vu Boeing Dave Calhoun demissionéiert.