Radioen

On air

Notturno  |  Juan Wauters - Monsoon Feat. Homeshake

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Enquête beweist Neutralitéit vum UN-Palästinenserhëllefswierk UNRWA

Israel liwwert net genuch Beweiser

Enquête beweist Neutralitéit vum UN-Palästinenserhëllefswierk UNRWA

D’Reprochë vun Israel, datt Hamas-Memberen am UN-Palästinenserhëllefswierk UNRWA aktiv solle sinn, kënne vun enger Enquêtëkommissioun net confirméiert ginn. D‘Enquête am Optrag vun der UNO seet, datt Israel fir e puer vun de Virwërf kéng Beweiser geliwwert hätt.

auto_stories

1 min

UNRWA | © Majdi Fathi / NurPhoto
Foto: Majdi Fathi / NurPhoto

D‘Palästinenserhëllefswierk hätt vill Mesure geholl, fir neutral ze bleiwen. Et kéint een dat awer nach verbesseren, andeem UNRWA-Mataarbechter besser iwwerpréift ginn, esou nach d‘Enquête.

Israel hat Mataarbechter beschëllegt, un der terroristescher Attack vun der Hamas de 7. Oktober zejoert bedeelegt gewiescht ze sinn.