Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - Cold Cold Ground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 'Fir en nohaltege Bësch' ASBL: Iesst méi Wëld

Fir de Bësch vun der Zukunft

'Fir en nohaltege Bësch' ASBL: Iesst méi Wëld

Et gëtt eng Iwwerpopulatioun vu Wëld an eisem Bësch. Wëllschwäin, Réi an Hirsche friessen déi jonk Beem a maache grousse Schued. Eng Léisung kéint eng méi grouss Demande op d’Wëld sinn. Et soll also méi Wëld giess ginn. D’ASBL “Fir en nohaltege Bësch” mécht eng Sensibiliséierungsaktioun.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Wëld | © Bigstock play_arrow
Foto: Bigstock

Duerch déi verännert Wiederconditiounen ass de Bësch aktuell an engem schlechten Zoustand. “E muss verjéngt ginn”, seet de Marc Parries, pensionéierte Fierschter a Member vun der ASBL "Fir en nohaltege Bësch". Dat geléngt aktuell net, well ze vill Wëld am Bësch ass. Si friessen de Som, deen op de Buedem fält an déi jonk Planzen ewech.

Et gi keng Zuelen iwwer d'Wëld. “Duerch d’Schied an der Landwirtschaft an duerch d’Ofschosszuelen kann een awer Réckschlëss zeien”, seet de Marc Parries: "D'Wëld verzéngfacht sech am Laf vu 40 Joer.”, esou seng Estimatioun.  

D’Populatioun kéint duerch d’Juegd reduzéiert ginn

Et gëtt awer een Ofsazproblem fir dat Fleesch. "E Jeeër, deen en Déier virun der Flënt huet, iwwerleet sech, wat e mam Fleesch mécht, ier e schéisst", esou de Marc Parries. Hien appelléiert hei un d’Responsabilitéit vum Bierger. Een, deen dem Bësch wëllt hëllefen, soll  sech “heiansdo fir e gutt Stéck Wëld” entscheeden. D’Wëld ass lokal a vu gudder Qualitéit. D’Déier gëtt och net duerch een Transport an d’Schluechthaus gestresst.

Den negativen Image vun der Juegd baséiert op Emotiounen a Virurteeler. De Marc Parries ënnersträicht awer, datt de Jeeër hëllefe kann, de Bësch vun der Zukunft opzebauen.

De Bësch clôturéieren?

Eng aner Alternativ wier de Bësch ze clôturéieren. “Dat kann een awer just op 50 Ar hei, a 50 Ar do maachen.”, esou de Marc Parries. “De Bësch groussflächeg ze clôturéiere wëll wuel keen”. Dat wier och een enorme Käschtefacteur, esou  de Marc Parries. Rieds ass vu 500 Milliounen Euro d’Joer.

Lauschterenplay_arrow

 

 

Aktualitéit
Ëmwelt