Radioen

On air

Thé Dansant  |  Riot Square Feat. David Bowie - I'm Waiting For The Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Galeria Karstadt Kaufhof mécht verschidde Geschäfter zou

Restrukturatioun

Galeria Karstadt Kaufhof mécht verschidde Geschäfter zou

D’Kleederchaîne Galeria Karstadt Kaufhof, déi Uganks dës Joers een Insolvenzverfahren an d’Weeër geleet hat, gëtt restrukturéiert.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / SvenSimon | Frank Hoermann/SVEN SIMON

Haut um Samschdeg huet de Liquidateur Stefan Denkhaus d’Zoumaache vu 16 Geschäfter gemellt. Eent vun de Geschäfter ass zu Tréier an der Fleischstrasse a war och bäi Lëtzebuerger Cliente beleift. Zu Tréier bleift ee Geschäft Galeria nach bestoen.

Am Ganzen huet de Konzern 92 Geschäfter an 12.800 Mataarbechter vun deenen der elo 1.400 hiren Job verléieren.

Galeria Karstadt Kaufhof soll wa méiglech nach bis Enn Juli un een neie Keefer iwwerdroe ginn.