Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Last Shadow Puppets - Miracle Aligner

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gewalt u Fraen an Australien: Regierungschef schwätzt vun nationaler Kris

Australien

Gewalt u Fraen an Australien: Regierungschef schwätzt vun nationaler Kris

D‘Hausse vun der Gewalt u Fraen an Autralien bezeechent de Regierungschef Anthony Albanese als national Kris. Zanter dem Ufank vum Joer si 27 Fraen ëmbruecht ginn. Déi meescht vu Männer aus hirem enksten Ëmfeld.

auto_stories

1 min

Iwwer de Weekend sinn uechter d‘ganzt Land Zéngdausende Mënschen op d‘Strooss gaange fir géint geschlechtsspezifesch Gewalt ze demonstréieren, Mat derbäi och de Premierminister selwer. De Moien huet hien ugekënnegt, fir mat de Regierungscheffe vun allen australesche Bundesstaaten an Territoiren iwwer Léisunge wëllen ze diskutéieren.

Australien steet nämlech ënner Schock, zanter datt Mëtt Abrëll e 40 Joer ale Mann an engem Akafszenter zu Sydney 6 Mënschen ëmbruecht hat, dorënner 5 Fraen. Säi Papp sot spéider, säi Jong wier frustréiert gewiescht, well hie keng Frëndin gehat hätt.