Radioen

On air

Notturno  |  Daniel Rossen - Shadow In The Frame

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tilly Metz: D'Ursula von der Leyen verwässert de “green deal”

Europawalen 2024

Tilly Metz: D'Ursula von der Leyen verwässert de “green deal”

Ëmmer méi Elementer aus dem EU-Green Deal gi verwässert oder souguer réckgängeg gemaach. Déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz mécht d‘Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen fir déi Bestriewunge responsabel.

auto_stories

2 min

D'Tilly Metz ass Co-Spëtzekandidatin fir hir Partei bei den Europawalen 2024 (Foto: Chris Zeien)

Si hätt a ville Punkten den Narrativ vun de Rietspopulisten iwwerholl, an der Hoffnung an hirer Funktioun confirméiert ze ginn. “E geféierlecht Spill”, seet d’Tilly Metz.

„Well wann een deen Narrativ iwwerhëlt, ass et ganz kloer, datt d'Leit dann éischter dozou tendéieren, den Original ze wielen, wat dann eisen europäesche Projet awer wierklech a Gefor setzt.

E Problem fir d‘Credibilitéit

Dodernieft wär dat A-Fro-stelle vun Decisiounen, déi eemol geholl goufen, och e Problem fir d’Crédibilitéit vun der Politik.

„Wa jorelaang un eppes geschafft gouf, an da kënnt eng Kommissiounspresidentin, déi - well se eeben och an Zukunft Presidentin vun der Kommissioun bleiwen - do déi Verwässerunge wëllt maachen dat war jo awer eng demokratesch Prozedur.“

Verwässere wier fir kee gutt

D‘Mesure wiere schonn net ganz staark, bedauert d‘Tilly Metz. Déi elo nach weider ze verwässere wier weder fir d‘Ëmwelt, nach fir d‘Baueren oder fir d‘Bierger gutt.

Haut an 51 Deeg gëtt en neit Europaparlament gewielt. Déi Lëtzebuerger gréng sinn zënter 1994 do vertrueden. Éischte gréngen Europadeputéierte vu Lëtzebuerg war de Jup Weber. 1999 huet du de Claude Turmes iwwerholl. A wéi deen 2018, nom Dout vum Camille Gira, op Lëtzebuerg an d’Regierung koum, ass d’Tilly Metz zu Stroossbuerg a Bréissel nogeréckelt.

Lauschterenplay_arrow


 

Aktualitéit
Europawalen
Politik a Gesellschaft
Interview
Wirtschaft
Wëssenschaft
Ëmwelt