Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Loyersdeckel ass nach net vum Dësch

Logement

Loyersdeckel ass nach net vum Dësch

De sougenannte Loyersdeckel vun 3 respektiv 3.5 Prozent ass nees aus dem Gesetzestext iwwer de Bail a loyer gestrach ginn. Déi viregt Regierung wollt dee jo aféieren. De Logementsminister verséchert awer, datt en nach net ganz vum Dësch ass.

auto_stories

1 min

© Chambre des députés
Foto: Chambre des Deputés

Bäibehale goufen déi Punkten iwwer déi Konsens bestoung. De sougenannte Mietdeckel hat fir vill Kritik gesuergt. An der Chamberkommissioun stoung de Minister Claude Meisch Ried an Äntwert. Hien huet dobäi ënnerstrach, datt de Prinzip net vum Dësch wier, mee zäitlech wollt hie sech net festleeën. Fir de September wäert awer nach keng Léisung fonnt ginn.

„Esou ambitiéis sinn ech net, an ech mengen, wa mir eng propper Aarbecht wëlle maachen, déi och d‘Strooss hält fir déi nächste Joren, da sollte mir eis och déi néideg Zäit do ginn."

D'Regierung géif Handlungsbedarf gesinn a wäert dat an d‘Weeër leeden, esou nach de Claude Meisch. 

 

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft