Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Kritik vun der CGFP: De Serge Wilmes weist all Virworf zeréck

Sträit ëm de Bewäertungssystem

No Kritik vun der CGFP: De Serge Wilmes weist all Virworf zeréck

No der Frontalkritik e Méindeg den Owend vun der CGFP huet de Minister vun der Fonction publique reagéiert. Am 100,7-Interview weist de Serge Wilmes déi Virwërf zeréck a freet sech, ob d'Arméi iwwerhaapt hannert der CGFP steet?

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Serge Wilmes | © Chris Zeien play_arrow
Foto: Archiv

Dem CSV-Minister war virgeworf ginn, de Gehälteraccord an der Fonction publique net ze respektéieren, well de Bewäertungssystem an der Arméi nees agefouert gi wier.

Serge Wilmes: Et geet ëm d'Militärgraden

D‘Haaptargument vum Minister vun der Fonction publique ass, datt een net vertragsbrëcheg wier, mee genee dat ëmsetze géif, wat d‘Virgängerregierung ënnerschriwwen hätt. De Bewäertungssystem an der Arméi, deen zënter 70 Joer besteet, wier net mat deem ze vergläichen, deen 2015 agefouert gouf an 2022 mam Gehälteraccord nees ofgeschaaft gouf.

"Dee Bewäertungssystem ass net dee selwechte wéi deen, deen 2015 agefouert ginn ass, allgemeng beim Staat. Dat sinn zwee verschidde Systemer an dowéinst steet deen och net zur Diskussioun. An dofir ass dee jo och an dat neit Arméisgesetz mat ageschriwwe ginn."

De Bewäertungssystem an der Arméi hätt eenzeg den Zweck, Militärgraden un déi Zaldoten ze verginn, déi dozou am beschte gëeegent wieren.

"Et geet net ëm d‘Gehälter. Et geet ëm d‘Militärgraden, datt ee weess, wéi ee Militärgrad hunn ech elo. Am Endeffekt geet et drëms, datt déi richteg Persoun op dee richtege Poste kënnt. Datt herno déi Offizéier kënnen Zaldotinnen an Zaldoten uféieren. A souguer wann et muss drop ukommen, a Konfliktsituatioune wou et wierklech ëm Liewen an Doud geet, datt ee weess, déi Leit kënnen dat. An dowéinst gi se bewäert op verschidde Krittären."

Dat wier an all Militär op der Welt esou a kéint bei der NATO-Partnerschaft mat aneren Arméien och nëmmen esou vermëttelt ginn.

Steet d'Arméi hannert der CGFP?

Datt d‘CSV sech an der Oppositioun nach per Motioun dofir agesat hat, datt de Gehälteraccord integral sollt ëmgesat ginn, erkläert de Serge Wilmes esou:

"Mee lo si mir an der Regierung an ech hunn natierlech och mat deene Leit geschwat, déi de Staat do vertrueden hunn an deene Verhandlungen iwwer den Accord salarial, an et ass zu kengem Zäitpunkt iwwert d‘Arméi geschwat ginn."

De Minister stellt an deem Kontext och a Fro, a wéi wäit d‘Arméi hannert der CGFP stéing. Doriwwer wier e Méindeg den Owend nämlech net vill geschwat ginn.

"U sech misst een och emol kënnen d‘Fro stellen: Steet dann d‘CGFP och zum Interêt vun der Arméi? Wann een d‘Positioun kuckt vun den Offizéier vun der Arméi, déi bei der CGFP Member sinn, dann ass et kloer 'jo'. Déi hu sech fir de Bewäertungssystem ausgeschwat gehat. Dat heescht souguer bei der CGFP gëtt et keng Unanimitéit an dëser Fro."

Trotz alle Kriticke wier hien awer oppe fir den Dialog mat der Gewerkschaft, och wann de Minister sech an dëser Fro am Recht gesäit. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik