Radioen

On air

Notturno  |  Wiki & Subjxct 5 - One More Chance Feat. Navy Blue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nom Brand an der Lënster Gemeng: Méi grouss Konsequenze wéi ufanks gemengt

Jonglënster

Nom Brand an der Lënster Gemeng: Méi grouss Konsequenze wéi ufanks gemengt

D’Konsequenze vum Brand zu Jonglënster virun zwee Méint si méi grouss wéi am Ufank erwaart. Dat seet de Lënster Buergermeeschter Ben Ries am 100,7-Interview. Sou huet missen d’Annex hannert dem Gemengenhaus zougemaach ginn, well do an de leschte Woche Schimmel entstanen ass.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
D'Situatioun kuerz nom Brand am Gemengenhaus.

Et wier dovun auszegoen, datt et duerch Läschwaasser an der Annexe vum Gemengenhaus zou enger massiver Fiichtegkeetsentwécklung komm wier, an datt doduerch dee Schimmel opgetaucht wier, erkläert de Lënster Buergermeeschter Ben Ries.  

“Mir hunn eng Annex vum Service technique, déi hannert dem Gemengenhaus stoung, an déi net impaktéiert war bis elo, wou mir de Service technique an de Sekretariat ënnerkritt hunn. Déi hu mir lo misse gëschter zoumaachen."

Et si sechs Büroen an domat och sechs Mataarbechter oder Mataarbechterinnen, déi dovu betraff sinn, an elo musse plënneren. Bis eng Alternativ fonnt gëtt, schaffen déi betraffe Leit am Teletravail oder um Site provisoresch an anere Raim. Haut soll decidéiert ginn, wéi et no der Ouschtervakanz wäert weider goen.

Aschätzungen zum Käschtepunkt komme réischt

Fir de Buergermeeschter ass dat elo eng weider Erausfuerderung, déi no wochelaangen Ëmstellungen op d’Personal zoukënnt.

“Dat bréngt ganz vill organisatoresch Problemer mat sech. Et muss ganz vill Zäit an Energie investéiert gi fir Alternativen ze fannen. Mee mir verfollege lo zum Moment nach puer Pisten. Dat bréngt mat sech, datt immens vill Geplënners ass a Leit natierlech am Service technique a vum Sekretariat, datt déi net esou kënne schaffe wéi gewinnt.”

Déi éischt Schätzungen zum Käschtepunkt wäerte réischt an e puer Woche kënne gemaach ginn, sou nach de Ben Ries. An och zur Brandursaach géifen et fir de Moment keng nei Erkenntnisser ginn. Et bleift dobäi, datt d’Feier op d’Bauaarbechten um Gebai zeréckzeféiere wier.

Lauschterenplay_arrow