Radioen

On air

Notturno  |  Nite Jewel - To Feel It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rout Mier: Schëfftransport ass gestoppt

Wéinst Dronenattacken

Rout Mier: Schëfftransport ass gestoppt

No Attacken op Transport-Schëffer am Roude Mier hu sämtlech Schëff-Gesellschaften hir Transporter an der Regioun gestoppt. D‘Huthi-Rebellen am Jemen, déi vum Iran ënnerstëtzt ginn, hu Schëffer mat Rakéiten an Dronen ugegraff.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Danil Shamkin
Ee Schëff, wat virun Zypern Anker geworf huet, an net méi a Richtung Roud Mier weiderfiert. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Danil Shamkin)

D‘Rebelle soen, si géife kee Schëff um Wee an Israel méi duerchloossen, ausser Schëffer, déi Hëllef an d‘Gazasträif bréngen.

D‘USA hunn eng international Allianz fir de Schutz vun de Transport-Routen am Roude Mier annoncéiert. Doru bedeelegen sech och nach ënner anerem Groussbritannien, Kanada, Frankräich, Italien, Holland, a Spuenien. Geplangt si gemeinsam Patrullen am südlech Roude Mier an am Gold vun Aden.