Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Save Urban Birds” - De Schmuebelen, Eilen a Falleken een doheem bidden

Déiereschutz

“Save Urban Birds” - De Schmuebelen, Eilen a Falleken een doheem bidden

Ënnert dem Slogan “Save Urban Birds” lancéiert natur&ëmwelt e Pilotprojet, fir méiglechst ville Vullenzorten eng Zukunft an de Stied an an den Dierfer ze erhalen. Mee net all Villche soll gerett ginn. Am urbane Raum hu sech nämlech och Villercher agenist, déi ee scho bal als Plo kéint bezeechnen.

auto_stories

5 min

headphones

22 min

play_arrow
D'Catherine Kirsch an de Jim Schmitz. (Foto: Maurice Molitor)

Zu Mutfert gesäit een eppes, wat geschwënn am ganze Land Realitéit soll ginn: Vullenhaisercher an 'Nistkasten' uechtert d’Duerf verdeelt. De Jim Schmitz, dee wuel wéi keen aneren hei am Land mam Vulleschutz a Verbindung bruecht gëtt, erkläert, datt d’Näschter dem Original aus der Natur noempfonnt sinn. Et si virun allem Näschter fir Hausschmuebelen a Mehlschmuebelen. Am Ganze ginn et zu Mutfert elo eng 30 Näschter.

Naturschutz vun a bei de Leit

Domadder awer net genuch. Et ginn och Lucken am Kierchtuerm, duerch déi d’Schleiereilen an een 'Nistraum' kënne fléien. De Jim Schmitzerkläert, datt dat fréier nach aneschters war. Deemools hunn d’Eilen et sech am Kierchtuerm oder am Kiercheschëff gemittlech gemaach. Do hu si awer vill Dréck gemaach - a wou bis den elektresche Klackespiller installéiert ginn ass, och vill Schued. Elo ass et fir si net méi méiglech, an d’Kierch selwer eranzekommen. An awer hu se eng Plaz fir ze wunnen.

Nistkëschten, déi ënnert dem Daach festgemaach sinn. | © Maurice Molitor
Nistkëschten, déi ënnert dem Daach festgemaach sinn. (Foto: Maurice Molitor)

natur&ëmwelt hat och eng Aktioun mam Numm ‘Un nichoir pour chaque jardin’ lancéiert. An de fënnef Gemenge Sandweiler, Schëtter, Nidderaanwen, Conter a Weiler zum Tuerm sinn doropshin iwwer 1.000 Vullenhaisercher doheem bei de Leit opgeriicht ginn. D’Leit maachen op déi Aart a Wei selwer Naturschutz, esou de Jim Schmitz.

Méi Näschter, méi Gréngs, a méi Sensibiliséierung

Mam neie Projet “Save Urban Birds” geet d’Organisatioun awer elo nach ee Schrëtt méi wäit. D’Catherine Kirsch, Biologin bei natur&ëmwelt, huet sech mat der Ëmsetzung vum Projet befaasst. Dëse baut op dräi Pilieren op. Als éischt sollen Nistkëschte fir d’Schleiereil, d’Fënsterschmuebelen an de Wanderfallek opgehaange ginn. Virun allem de Fallek, dee gär op méi héije Gebaier säin Nascht baut, brauch Naschtkëschten.

Da soll och d’Begréngung vum urbane Raum virugedriwwe ginn. Diecher solle méi staark beplanzt ginn. Hei viséiert de Projet awer net just Diecher vu Privathaiser, mee virun allem och vun Entreprisen oder gréisseren Neibauten. An neie Gebaier kéint een och an d’Fassad integréiert Nistkëschten abauen, esou d’Catherine Kirsch. Dëst sinn Zillen, wou Plaz fir een Nascht dran ass.

Eng Luck fir d'Schleiereil am Daach vun der Kierch. | © Maurice Molitor
Eng Luck fir d'Schleiereil am Daach vun der Kierch. (Foto: Maurice Molitor)

Schlussendlech soll och mat Hëllef vu Campagnen a Brochurë Sensibiliséierung bedriwwe ginn. De Projet krut rezent den Accord vum Ëmweltminister Serge Wilmes an ass op 5 Joer ausgeluecht.

Vullenaarten, déi am urbane Raum sinn, sollen dobehale ginn. Déi, déi net méi do sinn, sollen nees ugelackelt ginn. Mee wat bréngt et dann, wa sech vill verschidde Vullenaarten an eisen Dierfer a Stied ophalen? De Jim Schmitz weist op d’Biodiversitéit hin, a gëtt d’Beispill vun de Beien. Ouni déi leeft näischt. A China géingen d’Uebstbeem esouguer scho per Hand bestäubt ginn, gëtt de Jim Schmitz ze bedenken.

Kueben an Dauwen: Eng Plo?

Gläichzäiteg ginn et awer och Vullenaarten, déi manner wëllkomm sinn. Et sinn dëst d’Dauwen a d'Kueben. Historesch gesinn huet de Kueb am Bësch gelieft, ass awer du vun do verjot ginn. Dunn huet hie sech an der Stad niddergelooss, wou e méi roueg liewe kann, an och nach genuch Fudder fënnt, spréch Iessensreschter. Et ass also e Problem, dee vum Mënsch gemaach ass.

Der Catherine Kirsch widderstrieft et e bësse fir vun enger Plo ze schwätzen. Datt een d’Kueben net direkt nieft der Schlofkummer wëll hu géing si verstoen, mee et misst een trotzdeem Strukture schafen, wou d’Kuebe sech kéinten néierloossen.

D’Dauwen op hirer Säit sëtze gär op Bauerenhäff oder an Industriegebaier. Hiren natierleche Feind ass de Wanderfallek. Zu Bréissel liewe 7 Wanderfalleken an zu New York nach ganz vill méi. Dës Beispiller weisen, datt wann een deene Villercher déi richteg Brutplazen offréiert, se dann d’Stad och kënne propper halen, seet de Jim Schmitz. Zu Lëtzebuerg an der Stad liewen aktuell zwou Koppele Wanderfalleken.

Lauschterenplay_arrow