Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Beck & Phoenix - Odyssey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tarkett: Keen Interesse un engem Plan de maintien dans l'emploi

126 Aarbechtsplaze stinn um Spill

Tarkett: Keen Interesse un engem Plan de maintien dans l'emploi

Bei der Direktioun vun Tarkett GDL wier den Ament keng Bereetschaft do, fir iwwer een neie Plan de maintien dans l’emploi ze diskutéieren. Dat kritiséieren d’Vertrieder vun LCGB an OGBL no enger éischter Reunioun mat der Chefetage vum Betrib.

auto_stories

1 min

De Lëtzebuerger Grupp vum franséische Konzern hat d’lescht Woch annoncéiert, 126 Aarbechtsplaze wëllen ze sträichen, well eng Produktiounslinn am Wierk zu Lenzweiler bei Klierf Enn dës Joers gestoppt gëtt.

D’Mandy Noesen vum LCGB betount, datt et vill positiv Beispiller aus dem Secteur géif ginn, vu Betriber an deenen iwwer e Plan de maintien dans l‘emploi Dosenden Aarbechtsplazen hätte kënne gerett ginn. Mee d‘Direktioun wier vum Siège zu Paräis wuel mandatéiert ginn, fir e Sozialplang auszehandelen. Domat wieren d‘Gewerkschaften awer net averstanen.

LCGB an OGBL gesinn d‘Direktioun muer de Mëtteg um 13 Auer nees. Do virdru kënnt d‘Spëtzt vum Betrib mam Aarbechtsminister Georges Mischo zesummen, fir iwwert d‘Situatioun ze diskutéieren.