Radioen

On air

Notturno  |  The Düsseldorf Düsterboys - Füße

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Viru 5 Joer: D'Notre Dame a Flamen

Frankräich

Viru 5 Joer: D'Notre Dame a Flamen

Dës Woch ass et genee 5 Joer hier, datt zu Paräis déi berüümte Kathedral Notre-Dame a Flame stoung. D’Biller vun der brennender Kathedral goungen deemools ëm d’Welt. E Schock fir d’ganzt Land, een Dag nom Feier hat de President Emmanuel Macron versprach Notre-Dame bannent fënnef Joer nees opzebauen.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: Max Tholl

Ufank Dezember soll et souwäit sinn an d'Notre-Dame nees hier Dieren opmaachen a Visiteuren aus der ganzer Welt empfänken. Bis dohi ginn et awer nach sëlleg Aarbechten ofzeschléissen.

Zënter leschtem Mount ass den Daachstull vum Kiercheschëff fäerdeggestallt an och déi ikonesch golde Spëtzt mam Kräiz an Hunn dominéiert nees d’Paräisser Stadbild. De monumentale Chantier selwer ass zu enger Attraktioun ginn. Notre-Dame - dat ass eben d’Wahrzeeche vu Frankräich.

“Quand il y a eu l’incendie, nous, on habite à 600-700 kilomètres d’ici, on était quand même très touché de ce bâtiment qui partait en fumée. Et de le voir là, aujourd’hui, de voir cet effort collectif pour arriver à le remettre en état – c’est quelque chose qui est presque émouvant.”

Et bleift nach vill Aarbecht

An de Wochen nom Feier koume bal 850 Millioune Spende fir d’Renovéierung aus der ganzer Welt zesummen. D’Fransouse wieren nom Groussbrand nach eemol méi emotional attachéiert un der Kathedral ewéi virdrun, seet den Historiker Mathieu Lours. Och dowéinst hätt een Notre-Dame nees wëllen esou authentesch ewéi méiglech opbauen.

“On a choisi de lui donner le même aspect avec les mêmes matériaux et de travailler ces matériaux comme au Moyen Âge. Ça, on ne l'a jamais fait avant.”

Dës akribesch an detailléiert Aarbecht huet natierlech vill Zäit kascht. Trotz enger Zwangspaus an der Pandemie, ass de Chantier awer gréisstendeels am ambitiéisen Zäitplang bliwwen. Elo sinn et nach knapp aacht Méint, bis d’Diere vun Notre-Dame den 8. Dezember nees sollen opgoen. Bis dohi bleift awer nach Aarbecht.

“Il reste des travaux de gros œuvres et puis il reste surtout tout l’aménagement intérieur : l’autel, l’ambon, les chaises, l’électricité, la sono. Et il faut arriver à faire fonctionner ça à blanc pendant quelques semaines quand même, pour voir, faire des tests pour que le 8 décembre tout soit terminé.”

D'Bauaarbechten hu gehollef d'Geschicht vun der Kathedral besser ze verstoen

Éischter däischter war et virum Feier an der gotescher Kathedral, elo awer huet een no op d'mannst 160 Joer d’Mauere gebotzt fir den helle Steen nees fräizeleeën. Et wier deemno eng ganz aner Notre-Dame ewéi viru 5 Joer, seet de Mathieu Lours.

“C’est une véritable révolution à l’intérieur et c’est paradoxale parce que c’est l’extérieur de la cathédrale qui a été le plus touché par l’incendie, mais c’est à l’intérieur qu’on verra une Notre-Dame qu’on n’a jamais vue.”

Um Chantier ass een ëmmer nees op archeologesch Entdeckungen ewéi Sarkophagen a Statue gestouss. Iwwerhaapt hätten d’Bauaarbechten immens dobäi gehollef, d’Geschicht an den Opbau vun der Kathedral besser ze verstoen.

“Personne n'avait mis les mains dans les matériaux. Donc, tous les progrès scientifiques sur la connaissance des matériaux, du rôle du métal et du bois dans la construction des cathédrales, on ne l'avait pas appliqué à Notre-Dame.”

Och wann am Summer mat den olympesche Spiller nach e Megaevent an der Haaptstad usteet, mengt de Mathieu Lours net, datt et ee groussen Effet op d’Reouverturespläng wäert hunn. Et wier virun allem schéin, datt dëst monumentaalt Bauwierk zu dëser Occasioun seng Gerüstverkleedung Schratt fir Schratt verléiert, fir sech Paräis an der Welt nees ze weisen.

Lauschterenplay_arrow