Radioen

On air

Notturno  |  Vampire Weekend - Classical

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vum Haff op den Dësch

Den Hallwer Néng

Vum Haff op den Dësch

Direktvermaartung an der Landwirtschaft: Méi Akommes oder just méi Aarbecht? Dës Fro kënnen ënner anerem den Eric an d’Marianne Pesch beäntweren. Fils a Mamm geréieren de Betrib “An Hueff” zu Krautem, a sinn doriwwer eraus och nach der Associatioun “Vum Bauerenhaff op den Dësch" aktiv.

auto_stories

4 min

headphones

19 min

play_arrow
Foto: Maurice Molitor

D’Marianne Pesch ass Presidentin vun der Associatioun “Vum Bauerenhaff op den Dësch". Eng 25 Memberen zielt d’Associatioun aktuell. Eng Zuel, déi awer net ganz korrekt ass, wéi d’Marianne Pesch umierkt. Ënnert deene 25 sinn och Leit, déi zanter Joren einfach trei hir Memberskaart bezuelen.

Ëmmer manner privat Schluechthaiser

Ganz am Ufank huet d’Associatioun awer méi Membere gezielt. D’Motivatioun, fir deemools eng Associatioun ze grënnen, war vu politescher Natur. Et wollt een eng Gesetzgebung fir d’Direktvermaartung kréien. Et huet ee vill Minister a Vertrieder vun der Veterinärsinspektioun gesinn, iert am Joer 2000 déi éischt legal Basis fir privat ze schluechte geschaf gouf.

2006 gouf dës duerch Bréisseler Reglementer nees op d’Kopp gehäit. Privat Schluechthaiser ware vun engem Moment op deen aneren net méi legal. Aktuell gëtt et rëm eng legal Basis fir privat ze schluechten, mee an Tëschenzäit si bal keng privat Schluechthaiser méi iwwreg bliwwen. Dräi Stéck fir genau ze sinn.

Firwat huet d’Associatioun awer u Leit verluer? Dat wier eng Generatiounefro, mengt d’Marianne Pesch. Déi jonk Baueren hätte keen Intressi méi drun, selwer ze schluechten. Et ass och ee gewëssen Investissement néideg, fir dat alles iwwerhaapt kënnen ze maachen. De stännege Risk, datt d’Reglementer sech nees kéinten änneren, schreckt och ee groussen Deel vun de Baueren of.

Et probéiert en trotzdeem, der Associatioun neien Driff an Elan ze ginn. Mee och Leit, déi am Schluechthaus schluechte loossen, an d’Fleesch duerno beim Metzler zerleeë loossen, kënne sech der Associatioun uschléissen. Datt iergendwann och Geméisproduzenten dobäistousse kéinte wier och net ausgeschloss.

© Maurice Molitor
(Foto: Maurice Molitor)

Konkurrenzfäeg Präisser

Um Haff “An Hueff” zu Krautem gëtt et ee klenge Schluechtraum an ee Buttik. Eng 120 Mammesai ginn et hei. Et gëtt awer och just een Drëttel vun de Schwäi selwer geschluecht. Dat Fleesch gëtt dann awer och komplett selwer verschafft a verschnidden. Den Eric Pesch huet och eng Ausbildung zum Schluechter gemaach. A grousse Schluechthaiser ass d’Veterinärsinspektioun staark present.

Deene Kontrollen entzitt ee sech um Haff “An Hueff” natierlech och net. Virun der Schluechtung kënnt den Hausveterinär op den Haff, an och duerno gëtt d’Fleesch kontrolléiert, iert et de staatleche Stempel kritt. Dobäi komme reegelméisseg Kontrolle vun der Veterinärsinspektioun am Betrib.

Den Eric Pesch verstoppt och net, datt dat klengt Schluechthaus och Käschte mat sech bréngt. Mee et rechent sech trotzdeem nach, well den Tëschenhandel entfält. De ganzen Ëmsaz vum Schwäi bleift um Haff. De Präis vum Fleesch par rapport zu anere Metzler wier och plus minus d’selwecht, seet den Eric Pesch. Verschidde Produite wiere souguer méi bëlleg.

D’Marianne Pesch, déi de Buttik um Haff geréiert, gëtt awer och zou, datt de Präis net onbedéngt dat ass, op dat hir Clienten am meeschte kucken. De Gros kënnt, well si souwuel regional Produite sichen, wéi och den direkte Kontakt zum Bauer.

Méi Clienten dank Corona

Et war awer net einfach fir eng Clientèle opzebauen. Den Haff läit baussent dem Duerf, an et muss ee mam Auto bis dohi fueren. Ufanks huet ee vill mat Flyer a Reklammen op de soziale Reseaue geschafft, erzielt d’Marianne Pesch. Iwwerraschenderweis war et awer d’Coronapandemie, déi méi Clienten op den Haff bruecht huet. An där Zäit huet den Haff op Bestellschäiner ëmgestallt, déi een online konnt ausfëllen. Duerno konnten d’Clienten hir Commanden an de Buttik siche kommen. Souwuel de System mat de Bestellschäiner, wéi och de Gros vun den neie Clienten ass erhale bliwwen.

Virun e puer Joer war de Präis vum Schwéngefleesch zimmlech am Keller: 1,20 Euro de Kilo. Elo läit de Präis liicht iwwer 2 Euro de Kilo. Doriwwer kann ee sech aktuell net beschwéieren, seet den Eric Pesch. Mee et géing een de Verloschter vun de leschte Joren nach ëmmer hannendru lafen, esou de Schwéngsbauer. Et mécht ee sech Suergen ëm d’Zukunft, well vill Schwéngsbaueren et net duerch déi schlecht Zäit gepackt hunn.

Lauschterenplay_arrow

Ernärung
Politik a Gesellschaft
Nohaltegkeet