Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Blake Mills - Hey Lover

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Webinar: Lycée? Spéidere Beruff? Talentsich? Äntwerte ginn et op der Schoulfoire

YEP: Youth, Education & Professions

Webinar: Lycée? Spéidere Beruff? Talentsich? Äntwerte ginn et op der Schoulfoire

Schüler a Schülerinnen, Elteren an natierlech och Léierpersonal: Si all ginn e puer mol am Laf vum Schoulwee mam Thema Orientéierung konfrontéiert. D’Schoulfoire bitt dës Joer scho Sonndegnomëtteg d’Méiglechkeet fir Eltere fir sech iwwer déi verschidde Bildungsweeër ze informéieren.

auto_stories

2 min

A vu sonndes, dem 21. Abrëll bis mëttwochs, de 24. Abrëll, fënnt een op der 3. YEP! -Schoulfoire nieft den 9 Léierwelten och d’LuxSkills, d’Vertrieder:inne vun de Lycéeën zu Lëtzebuerg, d’Méiglechkeet eng Léierplaz ze fannen, Stänn vum Educatiounsministère, der Maison de l’orientation, an eng ganz Rei flotter Atelieren a Showen.  

Firwat ass Orientéierung esou wichteg? Wat ass nei, wéi kann ech an der grousser schoulescher Offer dat richtegt fannen?

De Webinaire iwwer déi 3. National Schoulfoire ass op fir jiddereen, Dir kënnt är Froen iwwer d’Mail fro@webinar.lu oder iwwer d’Whatsapp-Nummer 621 44 00 44 eraschécken.


Fir iwwer den Thema vun der Orientatioun an d’Méiglechkeete vum Bildungssystem ze diskutéiere stellen eis Invitéë vun haut sech kuerz selwer vir:

Martine Molitor (Premier Conseiller de gouvernement am Educatiounsministère)

Romain Nehs (Chef vum Service vum Enseignement Secondaire)

Tom Muller (Direkter vum SFP, dem Service de la Formation Professionnelle)

Luc Belling (Responsable de division de la coordination d'initiatives et de programmes pédagogiques am SCRIPT )