Radioen

On air

Notturno  |  Andre Ethier - Wild Goldfish

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zukünfteg keng Importer vu Produiten aus Zwangsaarbecht an d'EU

Nei Reegelen

Zukünfteg keng Importer vu Produiten aus Zwangsaarbecht an d'EU

Produiten, déi noweislech d'Resultat vun Zwangsaarbecht sinn, dierfen an Zukunft net méi an d'EU importéiert ginn. Falls dach ginn et Strofen. Mee dës nei Reegel ze applizéiere kléngt méi einfach, wéi et a Wierklechkeet ass. An och Ausname si virgesinn.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Zwangsaarbecht | © picture alliance / NurPhoto | Sushavan Nandy play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Sushavan Nandy

Zu Stroossbuerg sinn dës Woch d’Europadeputéiert zesumme komm fir hir lescht Plenière virun den Europawalen. Um Programm sti Votten iwwer eng ganz Partie legislativ Texter, déi nach solle virum Enn vun der Legislatur adoptéiert ginn.

Um Dënschdeg huet d’Parlament ënner anerem gréng Luucht gi fir een neit EU-Reglement, wat Produiten aus Zwangsaarbecht verbitt.

Konfiszéiert Produite solle recycléiert ginn

Déi nei Reegele spären den Accès op den europäesche Marché fir all Produiten, déi duerch Zwangsaarbecht fabrizéiert goufen. Déi Produiten dierfen an Zukunft weder importéiert, nach exportéiert ginn. Si musse vill méi vum Marché erofgeholl ginn, mat a ville Fäll der Obligatioun, se ze recycléieren oder se carrement ze zerstéieren.

D’Europäesch Kommissioun wier den neie Reegelen no fir Enquêten iwwer potentiell betraffe Produite baussen der EU zoustänneg. D’Memberlänner missten dat bei sech doheem awer selwer maachen.

Net all Punkte goufen zeréckbehalen

D’Entreprisë mussen net beweisen, datt hir Produiten net ënnert d’Reglement falen, also näischt mat Zwangsaarbecht ze dinn hunn. Dat wier souguer de Fall, wann ee Produit aus enger Risikozon kënnt. D’Parlament hat sech dofir agesat, mee et gouf awer net zeréckbehalen.

Fir d'CSV-Europadeputéiert Martine Kemp wier et awer wichteg, datt d'Europaparlament aner Punkten duerchkrut. Sou kann een ëmmer nach Interventiounen an Inspektiounen um Terrain maachen. 

“Natierlech hu mir op anere Punkte verluer. Do konnte mir eis Positioun net verteidegen, mee gläichzäiteg hu mir awer op anere Säiten och eis Positioun konnten halen."

D’Martine Kemp huet genee ewéi déi grouss Majoritéit am Parlament queesch duerch d’Parteie fir den Text gestëmmt.

D'Reglement kann och net applizéiert ginn

Entreprisen, déi sech net un d’Reegel halen, kéinte mat Strofe rechnen. Wa si Zwangsaarbecht aus hirer Liwwerketten eliminéieren, kënnen hir Produiten, déi virdru verbuede gi waren, nees zougelooss ginn.

Mesurë fir Affer vun Zwangsaarbecht ze entschiedege ginn iwwerdeems net imposéiert. Et ass den Entreprisë selwer iwwerlooss, dat fräiwëlleg ze maachen.

D’Reglement kann awer och zu kriddelege Situatioune féieren. Zum Beispill wann et ëm Solarenergie geet. D’EU hänkt vun Importer aus China of. Do kéint et zu Verbueter kommen.

Bei kritesche Produite kann eng national Autoritéit allerdéngs decidéieren, d’Reglement net ze applizéieren. Dorop huet d’Rapportrice Maria-Manue Leitao Marques zu Stroossbuerg higewisen. D’Parlament wier net frou gewiescht iwwert déi Ausnam. Fir d’Memberlänner awer war dat eng rout Linn, fir 'jo' ze soen zu deem Reglement.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Politik
Wirtschaft