Radioen

On air

Voix d'auteurs  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Enjoy

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Fuschnei, elo am Februar erauskomm, ass dee fënnefte Studio-Album vum Gecko Turner, den Titel "De balde" léisst d'Wierder vum bekannte Schrëftsteller Carlos Lencero erkléngen, och hien ass vun Nadajoz, genee wéi den Turner.

Déi franséisch-amerikanesch Sängerin Rosemary Standley héiere mir zesumme mat der brasilianescher Cellistin Dom La Nena um schéinen Album "Birds On A Wire", eng Referenz un de Leonard Cohen.

Frësch erauskomm, dësen 10. Februar, ass deen neien Album vum Wax Tailor, aka Jean-Christophe Le Saoût, franséische Placke-Produzent an DJ. "Fishing For Accidents" ass den Titel vun dësem neien Album, en Disk, mat e puer Gaascht-Invitéen, dorënner d'Jennifer Charles.

Och nei ass den Album "Night Trippin", a jo, den Numm verréit eis et schonn, datt et sech ëm en Hommage un den Dr. John handelt. Hei vum Sänger Hugh Coltman a Gittarist Matthis Pascaud.

Hack-Poets Guild heescht déi nei Collaboratioun tëschent dräi vun de bekanntsten zäitgenëssesche Folk-Artisten an -Artistinnen aus England: Marry Waterson, Lisa Knapp an Nathaniel Mann.

"Love Letters From Across the Street" heescht deen neien dräifachen Album vum franséische Songwriter Prokop. Eng Decouverte an eng déi beréiert! Opgeholl op eng al bewäerten Aart a Weis an zwar live aus dem Living vun engem Haus.

Playlist:


Gecko Turner - De balde - De balde - Single
Ian Lasserre - Mar Mirante - Sonoridade Pólvora
Cuarteto Tafi - Entre Dos Valles - Amanecer
Rosemary Standley & Dom La Nena - Blessed Is the Memory - Birds On a Wire
Wax Tailor - Shaman In Your Arms (feat. Jennifer Charles) - Fishing For Accidents
Matthis Pascaud & Hugh Coltman - Same Old Same Old - Night Trippin'
Hack-Poets Guild - Ten Tongues (feat. Marry Waterson, Lisa Knapp & Nathaniel Mann) - Single
Fai Baba - Veränderet - Veränderet - Single
Toro y Moi - The Loop - MAHAL
Immy Owusu - Brown Supremacy - Brown Supremacy - Single
Christophe Julien - The Road - The Girl with the Purple Smile
Prokop - Old Joe - Love Letters From Across the Street

Musek

Episoden

headphones

56 min

play_arrow

Man in Black

E Virgeschmaach op nei Disken di sech ukënnegen dorënner e posthumen Album vum Johnny Cash. Singer-Songwriting, Soul, Psychedelia a Musek fir ze chillen…
headphones

56 min

play_arrow

Back To Black

Nei-Verëffentlechungen, e Retour an d’70er, an eng Film-Musek di beréiert.
headphones

61 min

play_arrow

Hymne au soleil

Artiste mat engem ganz eegenen Universum, engagéiert Museker fir d’Mënscherechter an d’Natur an e bësse psychedeelesche Feeling ass derbäi, notamment aus Australien.
headphones

56 min

play_arrow

La Rata Bluesera

Blues aus Chile, Spaghetti-Western Feeling an e klenge Retour an d’80er
headphones

56 min

play_arrow

Métissage

Och d’Emissioun dës Kéier verdäitlecht nees, wéi räich den Austausch tëschent de Kulturen an der Musek ass.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2024

Reggae Feeling, e Meeschterwierk, dat net Vergiessenheet gerode soll an en neien Album mat 60es Feeling
headphones

56 min

play_arrow

It Must Change

Musek aus der Sahel-Zon, déi op d’Onofhängegkeetsbestriewunge vun den Touareg opmierksam mécht, eng nei Stëmm am Beräich vun der Soul an e puer cool Lidder
headphones

61 min

play_arrow

Beats and Songwriting

E bësse Punk aus de 70er, Blues, R&B a Roots Musek …a schéi Stëmmen
headphones

56 min

play_arrow

Sparkles

Irresistibel Kläng aus Brasilien, sprëtzeg Metissagen an Traditiounen zäitgenëssesch interpretéier
headphones

57 min

play_arrow

in the mood of…

Hafestied an hir Influenz op d’Musek, e Retour bei den ‘Trip Hop’ aus den Ugangs 90er, e jonkt Nowuess Talent an e längeren Openthalt an der Belsch.
headphones

55 min

play_arrow

Together

Grenzen existéieren an der Musek kaum nach, de weltwäiten Austausch an di géigesäiteg Beräicherung di an eiser ‘globaler Zäit’ méiglech ass brénge spannend an inspiréiert Kläng ervir...
headphones

56 min

play_arrow

The Soul of the Blues

De Blues ass e Styl deen ëmmer wëllkomm ass. Haut kennt en aus Kanada, Amerika an aus Mali
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Den afrikaneschen, australeschen an den europäesche Kontinent treffen dës Kéier zesummen. D’Influenze weisen ëmmer erëm dorops hin, datt d’Musek an d’Kreativitéit keng Beréierungsängschten a keng Virurteeler kennt.
headphones

56 min

play_arrow

Surprises

Singer-Songwriter, déi beréieren, politesch engagéierte Spoken Word, eng Pärel aus de 70er, Kammermusek a schéi Stëmmen, an e Mann, dee sech Coyote nennt ...
headphones

56 min

play_arrow

Rar Pärelen

Lauter Decouverten an nei Disken, esou munch (nach) onbekannten Nimm a virun allem Museken, déi beréieren …
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Spannend Decouverten, nei Verëffentlechungen, e Soul-Outfit, dee fein Arrangementer an Orchestratioune erklénge léisst, an eng jonk Artistin, déi keltesch Influenzen an d’Zäit vun haut katapultéiert.
headphones

56 min

play_arrow

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

0 min

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

57 min

play_arrow

Best of 2023

Nei Nimm, bekannte Solo-Artisten, déi fruchtbar Kollaboratiounen aginn a Soundtüftler, déi mat oppenen Oueren duerch d’Welt reesen.
headphones

57 min

play_arrow