Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Spring is coming!

Spring is coming!

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Der franséisch-algeerescher Sängerin Souad Massi hiren neien Album "Sequana" léist méi Influenzen erkléngen: vun der Sahel-Zon iwwer d'Karibik bis a Brasilien a bei de Rock.

Eng ganz eegen an alternativ südamerikanesch Musek proposéiere Yodi. "Ese lugar "ass eng spannend live-Versioun ...

No Metallica a Kamasi Washington revisitéiert den akusteschen Gittar-Duo Rodrigo y Gabriela de Repertoire vu Radiohead.

Ganz onbekannt ass den Nefiu. Seng EP "Chronicles of a Man's Solace" wäert dëst vläicht änneren.

Bei den Opname vun engem Album bleift meeschtens Material iwwereg. Esou z. B. e Lidd vum Piers Faccini, dat nodréiglech als Single verëffentlecht gouf, "The Damned and the Saved", Extrait aus den Opnam Sessions vum Piers Faccini sengem Album "Shapes of the Fall".

Playlist:


Souad Massi - Dessine-moi Un Pays - Sequana
Yodi - Ese lugar (Live) - Ese lugar (Live) [Live] Single
Rodrigo y Gabriela - Weird Fishes/ Arpeggi - Weird Fishes & Symphony No. 25 In G Minor
Rodrigo y Gabriela - The Struggle Within - The Struggle Within/Single
Michel Godard & Gavino Murgia - Ambre - Deep
Lavinia Meijer & Iggy Pop - Mom & Dad - Are You Still Somewhere?
Groundation - Market Price - One Rock
Nefiu - Terminal - Chronicles of a Man's Solace - EP
Rémy Gauche - Lune - nunca solo - Lune - nunca solo /Single
Ian Lasserre - Mar Mirante - Sonoridade Pólvora
Piers Faccini - The Damned and the Saved - The Damned and the Saved/Single
Lance Ferguson - Glastonbury - Rare Groove Spectrum, Vol. 2
Fixi & Nicolas Giraud - Oto (feat. Maïa Barouh) - TEMPO TEMPO! (A Tony Allen Celebration)
Yvan Robilliard - Double jeu - Homemade

Musek

Episoden

headphones

56 min

play_arrow

Man in Black

E Virgeschmaach op nei Disken di sech ukënnegen dorënner e posthumen Album vum Johnny Cash. Singer-Songwriting, Soul, Psychedelia a Musek fir ze chillen…
headphones

56 min

play_arrow

Back To Black

Nei-Verëffentlechungen, e Retour an d’70er, an eng Film-Musek di beréiert.
headphones

61 min

play_arrow

Hymne au soleil

Artiste mat engem ganz eegenen Universum, engagéiert Museker fir d’Mënscherechter an d’Natur an e bësse psychedeelesche Feeling ass derbäi, notamment aus Australien.
headphones

56 min

play_arrow

La Rata Bluesera

Blues aus Chile, Spaghetti-Western Feeling an e klenge Retour an d’80er
headphones

56 min

play_arrow

Métissage

Och d’Emissioun dës Kéier verdäitlecht nees, wéi räich den Austausch tëschent de Kulturen an der Musek ass.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2024

Reggae Feeling, e Meeschterwierk, dat net Vergiessenheet gerode soll an en neien Album mat 60es Feeling
headphones

56 min

play_arrow

It Must Change

Musek aus der Sahel-Zon, déi op d’Onofhängegkeetsbestriewunge vun den Touareg opmierksam mécht, eng nei Stëmm am Beräich vun der Soul an e puer cool Lidder
headphones

61 min

play_arrow

Beats and Songwriting

E bësse Punk aus de 70er, Blues, R&B a Roots Musek …a schéi Stëmmen
headphones

56 min

play_arrow

Sparkles

Irresistibel Kläng aus Brasilien, sprëtzeg Metissagen an Traditiounen zäitgenëssesch interpretéier
headphones

57 min

play_arrow

in the mood of…

Hafestied an hir Influenz op d’Musek, e Retour bei den ‘Trip Hop’ aus den Ugangs 90er, e jonkt Nowuess Talent an e längeren Openthalt an der Belsch.
headphones

55 min

play_arrow

Together

Grenzen existéieren an der Musek kaum nach, de weltwäiten Austausch an di géigesäiteg Beräicherung di an eiser ‘globaler Zäit’ méiglech ass brénge spannend an inspiréiert Kläng ervir...
headphones

56 min

play_arrow

The Soul of the Blues

De Blues ass e Styl deen ëmmer wëllkomm ass. Haut kennt en aus Kanada, Amerika an aus Mali
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Den afrikaneschen, australeschen an den europäesche Kontinent treffen dës Kéier zesummen. D’Influenze weisen ëmmer erëm dorops hin, datt d’Musek an d’Kreativitéit keng Beréierungsängschten a keng Virurteeler kennt.
headphones

56 min

play_arrow

Surprises

Singer-Songwriter, déi beréieren, politesch engagéierte Spoken Word, eng Pärel aus de 70er, Kammermusek a schéi Stëmmen, an e Mann, dee sech Coyote nennt ...
headphones

56 min

play_arrow

Rar Pärelen

Lauter Decouverten an nei Disken, esou munch (nach) onbekannten Nimm a virun allem Museken, déi beréieren …
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Spannend Decouverten, nei Verëffentlechungen, e Soul-Outfit, dee fein Arrangementer an Orchestratioune erklénge léisst, an eng jonk Artistin, déi keltesch Influenzen an d’Zäit vun haut katapultéiert.
headphones

56 min

play_arrow

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

0 min

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

57 min

play_arrow

Best of 2023

Nei Nimm, bekannte Solo-Artisten, déi fruchtbar Kollaboratiounen aginn a Soundtüftler, déi mat oppenen Oueren duerch d’Welt reesen.
headphones

57 min

play_arrow