Table ronde: 1 Sprooch – 1 Identitéit?

Table ronde 10-1-2017 Sproochen Identiteit
Carré

De Centre pour la Promotion des Arts a.s.b.l., de radio 100,7 an den Zentrum fir politesch Bildung invitéieren op e Ronndëschgespréich:

1 Sprooch – 1 Identitéit?
Sprooch(en) an Identitéit(en) zu Lëtzebuerg

 

Nach ni hu souvill Mënsche Lëtzebuergesch geschwat.
Nach ni ass souvill Lëtzebuergesch geschriwwe ginn.
Nach ni wollten e souvill Leit d’Sprooch vum Land léieren.

An awer schéngt et, wéi wann nach ni sou intensiv iwwert de Stellewäert vum Lëtzebuergeschen diskutéiert gi wier. Domat verbonne gëtt d’Fro no der Identitéit vun de Mënschen, déi hei liewen.

Introduktioun: Michel Pauly - Historiker, Uni.lu
Et diskutéieren:
Fernand Kartheiser - Politiker, ADR
Sonja Kmec - Historikerin, Uni.lu
Paula Martins - Confédération de la Communauté Portugaise au Luxembourg
Jimmy Skenderovic - Politiker, Jonk Sozialisten
Amir Vesali - Schüler, Lycée du Nord
Moderatioun: Pia Oppel - radio 100,7

Dossieren

  • Franséisch Presidentiellen 2017

    De 7. Mee ass den zweeten Tour vun de Presidentschaftswahlen a Frankräich. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeuë vun dëse Wahlen.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen