„D’Kachboun“, Independant Little Lies

kachboun.jpeg
D'Kachboun
Schungfabrik Téiteng

An dësem Theaterstéck, enger kollektiver Kreatioun vun Independent Little Lies, dréint sech alles ëm d’Iessen a säi Stellewäert an der Gesellschaft zu Lëtzebuerg. Eng Handvoll Lëtzebuerger Texter, e puer Prise Geschichte vu lokale Lëtzebuerger Bio-Auteuren, e puer Kachbicher an zum Schluss, wa bis alles gekacht huet, Lëtzebuerger Lidder fir deem Ganzen e pimentéierten Touch ze ginn. Mat all dësen Ingredienten entsteet eng satiresch Schlupp (och nach Cabaret genannt).  

Independent Little Lies (ILL) ass en interdisziplinären Theaterkollektiv deen Theaterleit, Artisten, Pädagogen a Konschtintresséierter zesummebréngt. Hiert Produktiounen a Kulturevents hunn zäitgenösseg a sozial Themen, op véier verschiddenen Sproochen.

Et spillen: Frédérique Colling, Catherine Elsen, Rosalie Maes
Œil extérieurLinda Bonvini
Bühnebild: Kim Clement
Luucht an Technik: Dominik Dusek
ProduktiounsleedungJill Christophe  

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2017

    Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen