Francesco Tristano live @Siren's Call

Tristano au Dour Festival 2017-Yves-Stephany-radio1007.jpg
De Francesco Tristano um Dour Festival 2017 (Foto: Yves Stephany/radio 100,7)

Eng radio 100,7-Exklusivitéit

"Musek ass Musek", esou huet den Alban Berg 1929 géintiwwer dem George Gershwin gemengt, wéi si vu Grenzen an dem Iwwerschreide vu Grenzen an hire Kompositioune geschwat hunn. De Francesco Tristano ass e fervente Verdeedeger vum "Crossover", sief et beim Choix vun den Instrumenter - wou hien dacks Piano a Synthesizer kombinéiert -, oder awer bei sengem Repertoire, wou nom klassesche Piano-Recital och alt emol Bach a Buxtehude sech mat John Cage a computergesteierten Technosequenzen ausenanersetzen, wou Barock op Avant-Garde an Ambient trëfft, d'Stiler an d'Genren zesummekommen.

Bei Geleeënheet vum éischte Siren's Call-Festival am Gronn hat de Francesco Schlimé de 24. Juni 2017 en aussergewéinleche Concert an enger vun den eelste Lëtzebuerger Kapelle ginn, der Eglise St. Jean. Souzesoen eng musikalesch Virwëtztut fir de Publikum, wou de Museker carte blanche hat fir eng gutt 80 Minutten. E Rendez-vous, dee mat klassesche Pianosnouten ugefaangen huet, déi lues a lues Begleedung kruten, wou Elektronikelementer agefloss sinn, Rhythmusmaschinnen agesat hunn ... Luxembourg let's do it, schreift de Museker op senger Facebook-Säit. En Defi fir de 36 jährege Multi-Instrumentalist, deen dësen net alldeeglechen Optrëtt kuerzfristeg tëscht Barcelona an Tokyo ageplangt hat.

An Zesummenaarbecht mat den zwee Organisateure vum Festival - dem Atelier an der Abtei Neimënster - an dem Francesco Tristano hu mir als radio 100,7 dëse Concert an Exklusivitéit konnten ophuelen a proposéieren Iech d'Opnam samschdes, den 28.10. um 20:00. En eemolegt musikalescht Dokument vum Lëtzebuerger Museker, deen dëser Deeg mat sengem neien Album Piano Circle Songs feat. Chilly Gonzales op de Maart komm ass!

 

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen