Ëffentlech Table Ronde: Land, Brout, Fridden

1917-flyer.jpg
Abbaye de Neumünster

Den Institut Pierre Werner, d’woxx an de radio 100,7 invitéieren op d’Table ronde ”Land, Brout, Fridden: d’Bedeitung vun der Russescher Revolutioun fir Lëtzebuerg”.

Den Honger huet d’Leit op d’Strooss gedriwwen, mee et goung ëm méi, wéi ëm d’Kuuscht: Wéi a Russland d’Bäckereie gestiermt goufen, wéi déi kleng Leit hir Aarbecht niddergeluecht hunn an d’Arméi net méi bereet war, den Uerdere vum Zar ze follegen, war d’Zil och, engem erofgewirtschaften, absolutistesche Regime en Enn ze setzen. Wéi déi eng awer nach demokratesch Reforme wollten duerchzéien, hat fir déi aner schonn d’Stonn vum Proletariat geschloen: Russland war dat éischt Land, dat de kapitalistesche System radikal ofgeschaaft huet an e komplett neie Wee wollt goen.

D’Signaler vun der Revolutioun goufen och a Westeuropa gehéiert, si huet d’Hoffnunge vun der Aarbechterbeweegung op e bessere Wirtschaftssystem gestäerkt. Wéi waren d’Reaktiounen op d’Russesch Revolutioun zu Lëtzebuerg? Wéi hunn déi verschidden ideologesch Stréimunge sech dozou verhalen? Wéi eng Wierkung hat d’Revolutioun op d’Diskussioune ronderëm en neit Lëtzebuerg, dat nom Krich sollt entstoen? Doriwwer diskutéiere Fachleit aus der Lëtzebuerger Geschichtsfuerschung ënnert der Moderatioun vu radio 100,7 a woxx.

Invitéen:

  • Tun Jost, Member vun Déi Lénk, Publizist, fuerscht zur Escher Lokalgeschicht
  • Dr. Stéphanie Kovacs, Historikerin vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik
  • Dr. Frédéric Krier, Member vun der Geschäftsféirung vum OGBL, Historiker
  • Aly Ruckert, Präsident vun der KPL, Parteihistoriker
  • Dr. Denis Scuto, Ass.-Prof. am Zentrum fir Zeitgeschicht vun der Uni Lëtzebuerg

Moderatioun: Claude Mangen (radio 100,7), Renée Wagener (woxx)

Jiddereen ass wëllkomm, fir bei der Diskussiounsronn live derbäi ze sinn. Rendez-vous de 24. Abrëll 2017 um 19:00 am Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster (Sall José Ensch, 2. Stack). Reservéiert Är gratis Plazen op events@100komma7.lu!

Diffusioun um radio 100,7: Méindeg, den 1. Mee um 10:04

Programm

Dossieren

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

  • Däitsch Bundestagswahl 2017

    De 24. September 2017 wielt Däitschland en neit Parlament. D'Angela Merkel (CDU) an de Martin Schulz (SPD) trieden als Kanzlerkandidaten un.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen