Live vu Saarbrécken: Concert "Böhmische Landschaften"

Dirigent Tomas Braun web.jpg
Den tschecheschen Dirigent Tomáš Brauner
Funkhaus um Halberg

 

Deutsche Radiophilharmonie spillt Dvořák: E Concert, deen den SR2 KulturRadio an de radio 100,7 e Sonndeg, den 23. Abrëll, um 11:00 zesummen aus dem Funkhaus um Halberg zu Saarbrécken iwwerdroen.

Fir hiren nächste Studio-Concert um Halberg zu Saarbécken huet d'Deutsche Radiophilharmonie Saarbrécken-Kaiserslautern den tschecheschen Dirigent Tomáš Brauner engagéiert. Den Tomáš Brauner ass de Chefdirigent vum Philharmoneschen Orchester vu Pilsen. Hien huet e Programm mat Wierker vu sengem Landsmann Antonín Dvořák zesummegestallt. Den Antonín Dvořák ass sonner Zweiwel dee bedeitendsten tschechesche Komponist aus dem 19. Joerhonnert. A senger Musek gräift hien ëmmer nees op Motiver aus der béimescher Volleksmusek zréck. Dat bekanntst Beispill si seng slawesch Dänz, déi de Komponist op Ureegung vum Johannes Brahms komponéiert huet.

E slaweschen Hauch huet och dem Dvořák seng 6. Symphonie, déi den Tomáš Brauner den 23. Abrëll als Haaptwierk dirigéiert. D’Symphonie war eng Commande vun de Wiener Philharmoniker, gouf awer schlussendlech zu London uropgefouert. Fir den Antonín Dvořák war et den definitiven internationalen Duerchbroch. Nieft der 6. Symphonie stinn och nach déi symphonesch Ouverture Hussitenlied an de Concerto fir Gei an Orchester a la Mineur um Programm. Solist ass de Jan Mráček.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

    • Noriichten

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

  • Panorama

Dossieren

  • #chamberleak

    Um Internetsite vun der Chamber waren eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen