Live aus der Philharmonie

Photo credit veneman via Visualhunt.com   CC BY-NC.jpg
CC veneman via Visual Hunt
Philharmonie Luxembourg

De radio 100,7 iwwerdréit den 22. September um 20:00 Auer de Concert live aus der Philharmonie um Kierchbierg.

Fir d'éischt an der Philharmonie: Bryn Terfel a seng "bad boys"

De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg a säi Chefdirigent Gustavo Gimeno hu fir d'Ouverture vun der neier Saison eng vun de grousse Stëmmen aus eiser Zäit invitéiert: De Sir Bryn Terfel.

De walisesche Bassbariton ass op alle Bühnen doheem, besonnesch déi international. Den 22. September ass säin Debut an der Philharmonie.

Wéi d'Spréchwuert et scho seet: An der Oper spillt de Bariton ëmmer dee Béisen. De Bryn Terfel huet dat 2009 mat sengem Album Bad Boys op d'Spëtzt gedriwwen. Do hunn nämlech all déi wéischt Charakteren aus der Opereliteratur hir Plaz fonnt: De Scarpia, de Mackie Messer, den Otello ... Eng Rëtsch där béis Jonge bréngt de Bryn Terfel och mat op Lëtzebuerg. Dernieft spillt den OPL déi 3. Sinfonie vum Johannes Brahms a completéiert domat den Optakt an den Hierscht.

 

 

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Noriichten

  • Den 100,7-Klassesall

  • Iwwer Mëtteg

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen