Live vu Saarbrécken

DRP mit Pietari Inkinen_foto Werner Richner.jpg
Deutsche Radiophilharmonie mit Pietari Inkinen (press photo: Werner Richner)
Antenn vum radio 100,7 & SR2

De radio 100,7 iwwerdréit den 10. September um 11:00 Auer de Concert live aus der Congresshalle zu Saarbrécken.

In the Beginning

Am Juli 2016 stierft den Einojuhani Rautavaara a Finnland verléiert mat him nom Jean Sibelius ee vu senge gréisste Komponisten aus dem leschte Joerhonnert. Den Orchester zu Saarbrécken wëll mat der Uropféierung vun In the Beginning - dem Rautavaara säi lescht grousst Wierk -, gutt an d'Saison starten. D'Orchesterwierk war eng gemeinsam Commande vum Japan Philharmonic Orchestra, de Prager Symphoniker an der Deutschen Radiophilharmonie Saarbrücken-Kaiserslautern.

Eng duebel Première

Et gëtt den 10. September iwwregens eng duebel Première an der Congresshalle zu Saarbrécken. Mam Pietari Inkinen presentéiert sech den neie Chefdirigent vun der Deutschen Radiophilharmonie. Hien dirigéiert ë. a. de Concerto fir Gei vum Alban Berg an déi 4. Sinfonie vum Ludwig van Beethoven.

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen