D'Militärmusek léisst et knuppen

Jean-Claude Braun - Militärmusek
Major Jean-Claude Braun © LCTO
Antenn vum radio 100,7

2017 gëtt vill gefeiert. 175 Joer Militärmusek, 50 Joer Fräiwëllegendéngscht an 20 Joer Frënn vun der Militärmusek. Fir dësen dräifachen Anniversaire organiséiert d'Militärmusek den 20. Oktober e grousse Concert an der Philharmonie.

Fir d'Zäit bis den Oktobersconcert z'iwwerbrécken, huet d'Militärmusek de 7. Juli schonn e spektakulären Optrëtt an der Abtei Neimënster zum Beschte ginn. Den Open-Air Concert hu si zesumme mam Choeur de Chambre de Luxembourg organiséiert an ass vum radio 100,7 op der Plaz opgeholl ginn. E Virgeschmaach fir de Public, wéi d'Militärmusek e Gebuertsdag feiert.

Fir an déi richteg Feierstëmmung am Oktober ze kommen, diffuséiert de radio 100,7 de Sonndeg, de 15. Oktober um 12:30 d'Opnam vum Open-Air Concert am Juli.

Exklusiv fir Iech de 15. Oktober op 100,7 MHz a 95,9 MHz am Norde vum Land

Mat dem Sir Edward Elgar sengen Pomp and Circumstance Marches gëtt an den Owend gestart. Ënnert der Direktioun vum Major Jean-Claude Braun presentéiert d'Militärmusek nach weider grouss Nummeren aus der Klassik. Highlights am Programm sinn Extraiten aus Carmina Burana vum Carl Orff an d'Polowetzer Tänze aus der Oper Fürst Igor vum Alexander Borodin. Fir eng dynamesch Stëmmung suergt d'Musek aus der West Side Story. Den Ofschloss vum Concert mécht de Choeur de Chambre de Luxembourg mam Tschaikowski senger Ouverture Solennelle 1812, déi mat Kanouneschëss vun der Arméi begleet gëtt.

 

Programm

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen