radio 100,7 op der Nuit des Lampions

Nuit des Lampions-3.jpg
Wolz

Live vu Wolz: Generator an E-Lodie Spezial

Den 23. September invitéiert déi sozial-kulturell ASBL "Cooperations" op déi zéngten Editioun vun der Nuit des Lampions.

Dëst Joer gëtt fir déi éischte Kéier den Amphitheater mat als Bühn agebonnen, fir Neientdeckungen aus der Musekszeen. Dorënner britesch Formatioune wéi Theme ParkPIXX. Awer och Lëtzebuerger Gruppe si vertrueden, dorënner Napoleon Gold. Donieft kann de Public Theater-, Konscht-, Danz-, Zirkus- a Liichtspektakel entdecken, déi verschidde Sënner uspriechen. Am Spektakel "Invasion" zéie riseg Béischten aus prehistoreschen Zäiten duerch d'Stroosse vu Wolz.

Den Jamie Reinert an d'Fanny Kinsch sinn op der Plaz an ënnerhale sech mat spannenden Invitéen. Den Tom Dockal, aka Disco Dockal, ënnerleet dat Ganzt mat enger exotescher, musikalescher Selektioun. Duerno geet et mat engem E-Lodie Spezial live Set weider, an deem de Richard Heinemann seng experimentell Electro-Museksentdeckunge mixt. Dat Ganzt live op der Nuit des Lampions, z'empfänken op 100,7 MHz a 95,9 MHz am Norde vum Land.

 

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen