Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 10 Milliounen Euro d'Joer fir RTL Télé

Konventioun tëscht Staat an CLT-UFA

10 Milliounen Euro d'Joer fir RTL Télé

De Kommunikatiounsministère consideréiert de Programm vun RTL Télé vun 2021 un als service public. Dofir wëll déi blo-rout-gréng Regierung de Staat mat enger direkter Subventionéierung engagéieren.

auto_stories

3 min

De Staat subventionéiert de Lëtzebuerger Tëleesprogramm vun RTL vun 2021 u mat maximal ronn zéng Milliounen Euro d'Joer. Dat geet aus der Konventioun ervir, déi de Premier- a Kommunikatiounsminister mat CLT-UFA ausgehandelt huet an déi hien dësen Donneschdeg an der Chamber presentéiert.

CLT-UFA soll just nach déi fix Zomm vu fënnef Milliounen Euro d'Joer an de Programm stiechen. Déi staatlech Subventionéierung soll iwwerdeems un den Index gekoppelt ginn an deemno mat der Inflatioun klammen.

Staat CLT-UFA Publicitéit
2021 9.620.000 5.000.000 8.590.000
2022 9.780.000 5.000.000 8.890.000
2023 9.940.000 5.000.000 9.190.000
  • Dem Luxembourg Ad'Report no, hunn d'Firmen am Joer 2016 13.089.000 Euro an d'Publicitéit fir RTL Télé investéiert. Firwat d'Televisiounspublicitéit am Joer 2021 just nach 65 Prozent vum Montant vun 2016 soll ausmaachen, gëtt net an der Konventioun argumentéiert.
  • Wéi de Budget am Detail opgestallt gouf, gëtt net an der Konventioun opgefouert. D'Constulting-Firma KPMG schreift just, datt si CLT-UFA Recommandatioune gemaach hätt fir sécher ze stellen, datt déi staatlech Subventionéierung den europäesche Regelen entsprécht. En Deel vun deene Recommandatioune wier schonn ëmgesat, déi aner wéilt CLT-UFA an de beschten Delaien ëmsetzen. KPGM mécht drop opmierksam, datt d'Note vun der Consultingfirma net den Internationalen Audit-Normen (ISA) entsprieche géif. Et wier keng Zertifikatioun, datt d'Comptabilitéit vun CLT-UFA déi europäesch Regelen a punkto Staatshëllefen erfëlle géif.

Spéiden Avis juridique

Den 10. Mäerz 2017 huet d'Regierung en Avis juridique ugefrot, dat heescht, wéi d'Verhandlunge zwëschent der CLT-UFA an dem Staat scho sou gutt wéi ofgeschloss waren. Den Affekot Marc Thewes kënnt zur Konklusioun, datt déi staatlech Subventionéierung nëmmen dierf esou héich sinn, wéi de reelle Käschtepunkt vum Service public. Weider heescht et, datt an der Comptabilitéit eng Trennung tëschent ëffentlech-rechtlechem a kommerzielle Contenue muss gemaach ginn. Ënnert verschiddene Critèrë wier déi geplangte Konventioun compatibel mam EU-Recht.

Kommissioune fir d'Kontroll

Bis ewell krut RTL vum Staat keng direkt Suen, mee gratis terrestresch Televisiouns-Frequenzen zur Verfügung gestallt als Géigeleeschtung fir en ëffentlech-rechtlechen Optrag. Fir déi nei finanziell Hëllef krut RTL Télé e puer nei Oplagen.

  • De Sender muss eng intern Ethikkommissioun asetze fir d'Qualitéitskontroll vum Programm. Dëse Comité ass zesummegesat aus dem Programmchef, der Chefredaktioun vu Radio, Tëlee an Internet, verschidde Memberen aus der Redaktioun a wann néideg, engem Affekot. De Comité, dee vun all Member aus der Redaktioun ka saiséiert ginn, ka keng Decisiounen treffen, mee en Avis ofginn.
  • D'Regierung an d'Chamber sollen eng extern Kommissioun zesummestellen. Déi soll op d'mannst zwee Mol d'Joer iwwerwaachen, ob RTL d'Konventioun respektéiert. Déi Kommissioun, déi direkt un de Kommunikatiounsminister rapportéiert, huet och d'Aufgab, z'evaluéieren ob CLT-UFA déi richteg Mesuren hëlt, fir d'Qualitéit vum Programm ze garantéieren.

Synergien tëscht RTL-Redaktiounen

Bis ewell huet de Medieminister Xavier Bettel ëmmer betount, datt déi finanziell Ënnerstëtzung just fir RTL Télé wier an net fir déi aner Redaktioune vun RTL. An der Konventioun heescht et, datt d'Radiosredaktioun an d'Tëleesredaktioun zesummeschaffen dierfen.

D'Konventioun, déi tëscht der blo-rout-grénger Regierung an CLT-UFA ausgehandelt gouf, soll den éischte Januar 2021 a Kraaft trieden an iwwert en erneierbaren Zäitraum vun dräi Joer lafen.