Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 11,7 Milliounen Euro fir de Global Fund

Kooperatiounspolitik

11,7 Milliounen Euro fir de Global Fund

Lëtzebuerg bedeelegt sech an den nächsten dräi Joer mat 11,7 Milliounen Euro um "The Global Fund to Fight AIDS, Tuberculosis and Malaria" - 30 Prozent méi ewéi déi leschte Finanzement. Dat huet de Kooperatiounsminister Franz Fayot am Kader vun enger Aarbechtsvisitt vum Global Fund-Direkter Peter Sands annoncéiert.

auto_stories

1 min

De Global Fund hätt an de leschten 20 Joren iwwer 50 Millioune Mënscheliewe gerett an d'weltwäit Zuel vun de Leit, déi un Aids, Tuberkulos a Malaria géife stierwen hallwéiert, esou de Peter Sands.

Bei der nächster Donateurskonferenz am September an den USA bräicht een 18 Milliarden US-Dollar fir de pandemiebedéngte Retard erëm opzeschaffen.

"Ee wichtegt Signal"

De fréiere Banker Peter Sands begréisst, datt Lëtzebuerger "ee staarken an konsequenten Ënnerstëtzer vum Global Fund" wier: A Länner wéi Burkina Faso, Mali, Niger a Senegal hätte béid a kritesche Beräicher zesummegeschafft.

Dofir freet de Global Fund sech iwwer deen zousätzlechen Don:

"Mir sinn immens dankbar iwwer déi Annonce vum Minister. Et ass wichteg, net nëmme wéinst der Zomm, mee och wéinst dem Signal: et schéckt e Signal un aner Donateuren, mee et schéckt och e Message vun der Hoffnung un all déi Communautéiten, déi vun deene Krankheete betraff sinn."

Lëtzebuerg wäert dann och vu Juli 2023 un fir zwee Joer am Verwaltungsrot vum 2002 geschaafte Global Fund vertruede sinn.

An de leschten 20 Joer huet de Global Fund iwwert 53 Milliarden Dollar u Projeten an 155 Länner verdeelt.